Accident op der N7
Kontroll verluer an op der Kopp gelant

© Domingos Oliveira / RTL
En Donneschdeg koum et géint 8.40 Auer op der N7 Héicht Lëpschent zu engem Accident.
Aus nach onbekannte Grënn hat de Chauffer vum Won d'Kontroll verluer, koum vun der Streck of a krut en Hiwwel ze paken. D'Gefier huet sech doropshin iwwerschloen an ass op der Kopp leie bliwwen.
Eng Spuer huet misse gespaart ginn an de CGDIS wéi de Samu goufen op d'Plaz geruff.

Am meeschte gelies