Den Charlie Kirk gëllt an den USA als zentralen Acteur fir d'Verbreedung vun de politesche Messagë vun der Maga-Beweegung an der amerikanescher Jugend.

An den USA gëtt weider no der Persoun gesicht, déi e Mëttwochowend eiser Zäit op engem Evenement um Campus vun der Uni vu Utha de rietskonservativen Aktivist an Trump-Frënd Charlie Kirk erschoss huet. Den 31 Joer alen Influencer gouf vun enger Kugel am Hals getraff, wéi en op Froe vun de Leit geäntwert huet. D'Autoritéite gi vun enger "geziilter Attack" aus.

Wie war den Charlie Kirk?

Den Charlie Kirk war Podcaster, Influencer an aktiven Trump-Supporter, een deen dem Mann am Wäissen Haus ganz no stoung an eng bedeitend Roll, besonnesch am Ëmgank mat der amerikanescher Jugend an der Maga-Beweegung gespillt huet. Hien huet Bicher geschriwwen a mat sengem Podcast all Dag eng Emissioun vun 3 Stonne gemaach, déi vu Millioune Follower op de soziale Medie suivéiert gouf.

Wie war den Charlie Kirk / Claude Zeimetz

Hien huet de Klimawandel a Fro gestallt an ënnert anerem Fërder-Programmer fir Studenten aus méi schwaache Milieue kritiséiert. Wéi vill aner Vertrieder aus dem rietse Milieu huet den Charlie Kirk sech och gären als Defenseur fir d'Meenungsfräiheet duergestallt. Den äerzkonservative Mann stoung zanter 2012 un der Spëtzt vun der gréisster rietskonservativer Jugendbeweegung mam Numm "Turning Point" an ass an deem Kontext vill bei Jonken opgetrueden, fir sech de Froe vun de Leit ze stellen. "Turning Point" soll ronn 250.000 Membere gehat hu bei de Studenten.

Opgetrueden ass de Kirk gär viru ville Leit an engem klengen Zelt. Den Charlie Kirk huet bei deenen Optrëtter da gär seng politesch Géigner erausgefuerdert nom Motto "Prove me wrong" also "beweis mer, datt ech falsch leien".

Dat war och de Setting e Mëttwoch um Campus vun der Utah Valley University, wou hie virun den Ae vun dausende Spectateuren erschoss gouf. Et sollt den Optakt sinn vun enger grousser Tournée duerch d'Héichschoulen an d'Unie vum Land ënnert dem Titel "American Comeback" fir déi de Kirk am Ganze 15 Optrëtter bis elo geplangt hat.

Observateure si sech eens, datt den Charlie Kirik eng wichteg Roll gespillt huet beim Comeback vum Donald Trump an d'Wäisst Haus.

Den US-President huet an enger éischter Reaktioun an engem Videomessage aus dem Oval Office vun engem "schwaarzen Dag fir Amerika" geschwat an den Charlie Kirk als Patriot gewierdegt, e Mann mat engem déiwe Glawen, deen elo "Märtyrer fir Wourecht a Fridden" gi wier an dee wéi keen aneren un der Jugend dru gewiescht wier. Schold u sengem Doud sinn dem republikanesche President no, d'Vetrieder vun der "radikaler Gauche" an den USA, déi politesch Géigner als Nazi vernenne géifen a mat hirer Rhetorik géifen dozou bäidroen, datt Leit erschoss ginn. Als Reaktioun op den Doud vum Charlie Kirk goufen op Uerder vum Donald Trump all d'Fändelen bis e Sonndeg den Owend op Hallefmast gehaangen.

D'Schëss op den Charlie Kirk riskéieren, am déif gespléckten Amerika an an enger schonn opgehëtzter Stëmmung, weider Gewalt auszeléisen. Den Donald Trump selwer war jo bekanntlech eréischt virun engem Joer bei engem Walkampf-Meeting vu Schëss getraff ginn. Am Juni goufen déi demokratesch Parlamentspresidentin aus dem Minnesota an hire Mann ermort an am Abrëll war ee weideren Demokrat sou just laanscht eng Attack komm.

Den Ament gëtt weider aktiv nom presuméierten Täter gesicht. Zwee Männer, déi kuerz nom Tëschefall festgeholl goufen, si kuerz drop nees fräigelooss ginn, well hinnen näischt zur Laascht konnt geluecht ginn.

Amerika geet nom Doud vum Trump-Supporter weider kenge rouegen Zäiten entgéint.