Den däitsche Bundestag huet en Donneschdeg d'Immunitéit vum AfD-Deputéierte Maximilian Krah opgehuewen.

Déi däitsch Justiz huet am Kader vun enger Enquête eng Perquisitioun a weider Mesurë géint de Krah ordonéiert.

Wéi d'Presidentin vum Bundestag, d'Julia Klöckner matgedeelt huet, hätten alleguerten d'Fraktioune fir en Ophiewe vum Krah senger Immunitéit gestëmmt, also och d'Deputéiert vun der AfD selwer. An deem Kontext huet et vun den AfD-Fraktiounsvirsëtzenden Alice Weidel an Tino Chrupalla geheescht, dass d'Ophiewe vum Maximilian Krah senger Immunitéit an d'Duerchsiche vu senge Büroen a Privatraim en eeschte Virgang wier. D'Enquête misst esou séier ewéi méiglech ofgeschloss an d'Resultater ëffentlech gemaach ginn.

De Maximilan Krah ass och bannent der AfD ëmstridden. Hie gouf bei de leschte Parlamentswalen an Däitschland per Direktmandat a sengem Walkrees an de Bundestag gewielt. Virdru war hien Europadeputéierten. Am EU-Parlament gouf hien no enger Partie Skandaler an ëmstriddenen Aussoen aus der AfD-Fraktioun ausgeschloss.

Aktuell ass net gewosst, firwat d'Justiz géint den AfD-Politiker enquêtéiert. Hie krut awer an der Vergaangenheet ëmmer nees reprochéiert, Suen aus Russland ugeholl ze hunn a wärend senger Zäit am EU-Parlament soll ee vu senge Mataarbechter fir China spionéiert hunn.