Däitsch Krankekeese plange Milliarde-Klo géint de Bund

© AFP Archivbild
De Verwaltungsrot vum GKV-Spëtzeverband beréit en Donneschdeg an enger Sitzung zu Berlin iwwert d'Opsetze vun enger Klo.
D'Decisioun soll am Nomëtteg annoncéiert ginn.
De Verband klot, dass de Bund all Joer 10 Milliarden Euro ze mann an d'gesetzlech Krankekeese fir d'gesondheetlech Versuergung fir d'Beneficiaire vum sougenannte Biergergeld abezuelt huet. "Zanter 15 Joer weise mir op d'ystematesch Ënnerfinanzéierung zu Laaschte vun der gesetzlecher Krankeversécherung hin".
D'Biergergeldempfänger sinn an der Reegel gesetzlech verséchert.
Wéi "Bild"-Zeitung aus engem interne GKV-Papier zitéiert huet, hätt de Bund 2022 fir dës Beneficiairen e Forfait vun 108,48 Euro de Mount bezuelt. Fir d'Depensë vun de Krankekeesen ze decken, hätt de Bund awer 311,45 Euro de Mount misse bezuelen.