Den 22. August hat e grujelege Mord an engem Tram zu Charlotte am US-Bundesstaat North Carolina d'USA, ma och de Rescht vun der Welt schockéiert.

Déi 23 Joer al Iryna Zarutska, eng jonk Fra, déi 2022 mat hirer Famill virum Krich an der Ukrain an d'USA geflücht ass, gouf hei vun engem 34 Joer ale Mann e puermol mat engem Messer gepickt an dobäi déidlech blesséiert. Si ass nach op der Plaz un hire Blessure verscheet, hire Mäerder gouf direkt no der Dot festgeholl, wéi hien aus dem Tram erausgeklomme war. E Motiv fir d'Dot gouf bis ewell net matgedeelt, et gi keng Hiweiser drop, datt sech Täter an Affer kannt hunn.

De Mord un der jonker Ukrainerin hat och eng Envergure op politeschem Niveau kritt: Op senger Social-Media-Plattform Truth Social hat sech den US-President Donald Trump zu Wuert gemellt an indirekt den Demokraten d'Schold um Doud vum Zarutska ginn, virun allem well de 34 Joer ale presuméierten Täter virbestrooft war:

"D'Blutt vun dëser onschëlleger Fra gesäit ee wuertwiertlech vum Mäerder sengem Messer drëpsen an elo pecht d'Blutt un den Hänn vun den Demokraten, déi refuséieren, schlecht Leit an de Prisong ze stiechen (...)"

De Vizepresident J.D. Vance huet Parallellen zum Fall Jordan Neely gezunn, en 30 Joer ale Sans-abri, deen den 1. Mee 2023 an engem Metroswaggon zu New York vum 24 Joer alen Daniel Penny zu Doud gewiergt gouf. Dem Vance seng Argumentatioun: De Penny hätt deemools e Virfall wéi deen heite verhënnert, well den Neely virdrunner d'Metropassagéier soll menacéiert hunn.

Wärend vu ville Säiten d'Kritik kënnt, den Doud vum Iryna Zarutska géif vum politesch rietse Bord an den USA instrumentaliséiert ginn, ass et bei dësem generell de Konsens, datt ze lax Gesetzer vun de "lénksen" Demokraten de Mord un der jonker Ukrainerin erméiglecht hätten, oder aner Virfäll aus der Vergaangenheet, wéi de Mord um George Floyd duerch e Polizist am Joer 2020, eng däitlech méi grouss medial Couverture erlieft hätten. Där Meenung ass beispillsweis och den iresche Silicon-Valley-Entrepreneur Eoghan McCabe, deen annoncéiert huet, 500.000 US-Dollar fir Wandmolereie vun der ukrainescher Fra ze spenden, déi uechter d'Land sollen a Groussstied opgemoolt ginn. Den ëmstriddenen Tech-Milliardär an Ex-Beroder vum Donald Trump, Elon Musk, huet sech dem McCabe senger Campagne ugeschloss an annoncéiert, eng Millioun Dollar bäizesteieren.

En Don a selwechter Héicht soll vun engem weidere kontroverse Personnage kommen: Dem Influencer Andrew Tate, deen an der Vergaangenheet ëmmer nees duerch fraefeindlech a rassistesch Aussoen opgefall an zesumme mat sengem Brudder Tristan wéinst Mënschenhandel ugeklot ass.

Zum Doud vum Iryna Zarutska huet sech iwwerdeems och den e Mëttwoch ermuerte rietsen Aktivist Charlie Kirk geäussert. Um Kuerznoriichtendéngscht X huet en eng Foto vun der Fra gedeelt mam Saz: "Amerika wäert ni méi d'selwecht sinn".