Prominenten Trump-Supporter Charlie Kirk wärend Ried erschoss

© JUSTIN SULLIVAN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Den US-President Trump hat seng Supporter dozou opgeruff, fir de Krik ze bieden.
Den 31 Joer alen Trump-Supporter a rietsen Aktivist Charlie Kirk ass op engem Event an enger Universitéit zu Utah néiergeschoss ginn, wéi hie grad eng Ried gehalen huet. Dat mellen eng Rei US-Medien. E puer Dausend Mënsche waren op dem Event um Campus vun der Utah Valley University an der Stadt Povo, wou bemol e Schoss ze héiere war.
Wéi den US-President Trump a sengem Netzwierk Truth Social matdeelt, ass de Kirk u senge Blessure verscheet. "De Groussen, a souguer Legendären, Charly Kirk, ass dout", esou de President.
"Keen huet verstanen oder hat d'Häerz vun der Jugend an de Vereenten Natioune vun Amerika méi, wéi den Charlie", esou de President a sengem Post. "ALL Mënsch hat hie gär an huet hie bewonnert, besonnesch ech, an elo ass hien net méi bei eis. Dem Melania a meng Condoleancen ginn u seng wonnerschéi Fra Erika, a Famill. Charlie, mir hunn dech gär!"
An engem Video, deen an de Soziale Medie kurséiert, ass ze gesinn, wéi de konservativen Aktivist wärend dem schwätze bemol néiergeet, nodeems ee Schoss ze héiere war. Kuerz drop brécht Panik ënnert de Leit aus.
E Spriecher vun der Uni huet an enger Mail matgedeelt, de Schoss wier wuel aus engem Gebai eng 200 Meter wäit fort komm. Weider huet et vun der Uni an engem éischten Ament geheescht, ee Verdächtege wier festgeholl ginn. Dëst wier awer falsch, wéi eng Police-Source CNN géigeniwwer sot. E Spriecher vun der Uni huet dës Ausso duerno och zeréckgezunn.
Den US-President Trump hat an der Vergaangenheet iwwert den 31 Joer ale Mann gesot, seng Ënnerstëtzung wier wier am Walkampf onheemlech wichteg gewiescht, fir jonk Wieler op seng Säit ze kréien. De Kirk war de Grënner vun der konservativer Studentenorganisatioun "Turning Point USA" an huet domat eng Schlësselroll am Trump sengem Walkampf gespillt.