An hirer Usprooch fir Chrëschtdag huet déi britesch Premierministesch Theresa May d'Vollek opgeruff, am Kontext vum Brexit-Vote zesummenzehalen.

Dëse Chrëschtdag sollten net nëmmen d'Famille beienee kommen, mä dat Zesummekomme wier och wichteg fir d'Land. Wa Groussbritannien d'EU verléisst, misst eng historesch Geleeënheet genotzt ginn, fir eng nei couragéiert Roll an der Welt ze fannen an d'Land zesummen ze féieren. Sou den Appell vun der Theresa May an hirer éischter Usprooch fir Chrëschtdag als britesch Premierministesch. Groussbritannien misst mat sengen internationale Partner zesumme schaffen, fir Handel a Wuelstand ze fërderen a géint d'Menace vum Fridden an der Sécherheet an der Welt ze kämpfen. De Referendum iwwert de Brexit huet dat britescht Vollek déif gespléckt. Eng knapp Majoritéit vun 52% hat am Juni fir een Austrëtt gestëmmt. Bis Enn Mäerz wëll déi britesch Premierministesch de sougenannten Artikel 50 vum EU-Vertrag declenchéiert hunn, fir d'Prozedur vum Austrëtt ze entaméieren.