Den Atelier huet de Programm fir de Summer 2026 presentéiert
© Photo by Torben Christensen / Ritzau Scanpix / Ritzau Scanpix via AFP
Déi éischten Nimm vun de Bands a Museker, déi bei den Open-Air-Concerten hei am Land optrieden, si bekannt.
Esou kann een de Moby den 3. Juli um Site vun der Abtei Neimënster gesinn, dat fënnef Deeg, éier ZAZ op der selwechter Plaz optrëtt.
Fir d'Luxexpo-Open-Air goufen dann The Offspring den 1. Juli confirméiert, nodeem hir dräi Concerten an der Rockhal ausverkaaft waren. Mat de Gorillaz kënnt de 5. Juli eng Band op de grousse Parking, déi den nächste Mäerz en neien Album erausbrénge wäert. Den 8. Juli kann een dann de Lenny Kravitz op där Plaz gesinn an de 14. Juli trëtt d'Katy Perry virun der Luxexpo op.
Donieft waren et nach d’Annoncen, datt d’Band ronderëm den Acteur Keanu Reeves “Dogstar” den 2. Juli um Festival de Wiltz wäert spillen. Och de Chris Isaak, dee schonn eemol am Atelier gespillt huet, wäert zréck an d’Hollerecher Strooss kommen, dat dann den 30. Juni.
De Virverkaf fir d’Concerte fänkt den 13. November un an d’Tickete ginn all dëse Freideg ënner anerem op der Internetsäit vum Atelier an d'Vente.