Bei engem Attentat virum Geriicht an der pakistanescher Haaptstad Islamabad sinn der Regierung no op d'mannst zwielef Leit gestuerwen.

E Selbstmordattentäter hätt sech virum Geriicht an d'Loft gesprengt, sot den Inneminister Mohsin Naqvi en Dënschdeg. Eng 27 Leit wiere blesséiert ginn. Zu der Dot hat sech virop kee bekannt.

De Premierminister Shehbaz Sharif huet "terroristesch" Gruppen, déi vun Indien ënnerstëtzt ginn, fir d'Attentat responsabel gemaach. Beweiser dofir ginn et allerdéngs bis ewell keng. Sécherheetsleit haten d'Plaz, wou och e puer Regierungsgebaier sinn, no der Dot ofgespaart. Den Täter hätt Sprengsaz an der Géigend vum Policewon gezünt, esou den Inneminister weider.

Aenzeien hu vun enger schwéierer Explosioun geschwat. "Wéi ech mäin Auto geparkt hat an an d'Gebai eragaange sinn, hunn ech eng haart Detonatioun an der Entrée héieren", sot den Affekot Roustam Malik der Noriichtenagence AFP. No der Detonatioun hätt et "totale Chaos" am Geriichtsgebai ginn.

Dëst Joer gouf et am Pakistan grouss regional Spannungen. Am Mee war den indesch-pakistanesche Grenzkonflikt nees eskaléiert. Bei den uergste Kämpf tëscht de Länner, déi zanter 1999 verfeint sinn, si bis ewell méi wéi 70 Leit ëm d'Liewe komm. Zanter dem 10. Mee gëllt eng Wafferou.

Am Oktober hat sech och de Konflikt tëscht Pakistan an Afghanistan zougespëtzt. Ausléiser waren Explosiounen zu Kabul, fir déi Pakistan d'Taliban responsabel maachen. Bei Kämpf iwwer e puer Wochen am Grenzgebitt sinn de Vereenten Natiounen no 50 afghanesch Ziviliste gestuerwen. Pakistan huet 23 doudeg Zaldote gemellt. Och hei hunn d'Länner e Waffestëllstand ausgemaach, konnte sech awer bis ewell net op Detailer eenegen.