Zéng Deeg virum geplangte Start vum Chrëschtmaart zu Magdeburg gouf et Sécherheetsbedenken, duerch déi de Chrëschtmaart virleefeg ofgesot ginn ass.

Den däitsche "Schaustellerbund" huet "mat Suerg a Betraffenheet" op de méiglechen Ausfall vum Chrëschtmaart zu Magdeburg wéinst Sécherheetsbedenke reagéiert. D'Sécherheet vun de Visiteuren an de Foraine wier ganz sécher iewescht Prioritéit, allerdéngs kéint een net novollzéien, wisou d'"Landesverwaltungsamt" d'Mängel eréischt zéng Deeg virum geplangte Start geäussert huet. Dat hunn d'Forainen en Dënschdeg zu Berlin erkläert.

D'Forainsunioun huet op d'Bedeitung vu Chrëschtmäert als eng Plaz vum Matenee sinn higewisen. All Joer géing et méi wéi 170 Millioune Visiteure ginn. Hir gesellschaftlech Bedeitung wier immens wichteg. "En Ausfall vum Magdeburger Chrëschtmaart ass ënner kengem Ëmstänn ze akzeptéieren", heescht et weider vun de Forainen.

"D'Zeechen, dat dovun ausgoe géing, géing wäit iwwer d'Grenze vun Däitschland erausgoen a kéim enger Kapitulatioun vun eisem Staat gläich." D'Foraine géingen elo op d'Professionalitéit, den Engagement an d'Vitess vun den Autoritéiten hoffen. "A wa mir als Forainen op der Plaz eppes zu der Léisung bäidroe kënnen, sou wäerte mir dat wéi ëmmer och maachen", huet de President vum "Schaustellerbund", den Alber Ritter, erkläert.

De Chrëschtmaart zu Magdeburg hat, knapp ee Joer nom déidlechen Attentat, wéinst Sécherheetsbedenke virop keng Autorisatioun kritt. D'"Landesverwaltungsamt" hat erkläert, den Organisateur géing e "potentiellt Attentatszil" schafen.

Beim Attentat den 20. Dezember zejoer ware sechs Leit ëm d'Liewe komm, méi wéi 300 weiderer blesséiert ginn. Den 51 Joer alen Taleb A. war deemools mat engem geléinten Auto an d'Leit gerannt. De Prozess géint hien huet e Méindeg ugefaangen.