USA kéinten erëm dem Weltklimaofkommes bäitrieden
© MAURO PIMENTEL / AFP
De Gavin Newsom huet op der COP30 den US-President schaarf ugegraff an him virgehäit, hie géif "op seng Dommheet bestoen".
D'USA hätten eng "moralesch Verpflichtung" an eng "wirtschaftlech Noutwendegkeet", erëm dem Paräisser Ofkommes bäizetrieden, esou de kalifornesche Gouverneur, nodeems den Donald Trump dozou Nee gesot hat.
Fir de Fall vun enger demokratescher Victoire bei den nächste Presidentiellen huet den Newsom dee Bäitrëtt an Aussiicht gestallt. Dem Trump säin Austrëtt aus dem Ofkommes nom Ufank vu senger zweeter Amtszäit am Januar hat de Gouverneur als "gräisslech" bezeechent.
Eng héich Vertriederin vun der Ëmweltorganisatioun Climate Group huet den amerikanesche Bundesstaate nogeluecht, sech eegestänneg un d'Ziler vu Paräis ze halen. Och wann national Regierungen zréckfalen oder hir eege Verflichtungen ënnergruewen, kéinte Stied, Bundesstaaten a Regioune mam gudde Beispill virgoen a Virreider si bei der Ëmsetzung, sou d'Champa Patel.
Scho wärend dem Trump senger éischter Amtszäit waren d'Vereenegt Staaten aus dem Ofkommes erausgaangen, ënnert sengem demokratesche Successeur Joe Biden waren d'USA rëm bäigetrueden. Bei der COP30 a Brasilien ass den US-President net dobäi, an och keng héich Vertrieder vu Washington - fir déi éischt Kéier an der 30 järeger Geschicht vun der Konferenz.
De Gavin Newsom setzt sech zanter Méint als Géigner vum Donald Trump an Zeen a gëllt als méigleche Kandidat vun den Demokrate bei den nächste Walen 2028. Och an der Klimapolitik stellt hien de Géigendeel duer. Säi Bundesstaat Kalifornien soll bis 2045 klimaneutral ginn.