Duerch den Accord, deen e Méindeg fonnt gouf, kéint de Shutdown no der Reunioun vum Representantenhaus an der Ënnerschrëft vum Trump gläich eriwwer sinn.

Zanter dem 1. Oktober ass an den USA de bis elo längste sougenannte Shutdown an der Geschicht vum Land amgaangen, wouduerch zanterhier all ëffentlech Geschäfter vum Staat op Äis geluecht sinn. E Méindeg den Owend huet den US-Senat elo engem Iwwergangsbudget zougestëmmt an domat wuel och d'Enn vum Shutdown ageleet. 60 Senateuren, dorënner also och elo eng Rei vun den Demokraten, hunn der Propos zougestëmmt. 40 waren dogéint. Elo gëtt sech erwaart, datt vun e Mëttwoch un nees de Kongress zesummefanne wäert, wou de Budget am Fall vun enger weiderer Zoustëmmung weider bei den Donald Trump fir déi decisiv Ënnerschrëft geet.

E Sonndeg haten déi republikanesch an demokratesch Senateuren en éischten Accord fonnt, fir de Shutdown op en Enn ze bréngen an domat d'Finanzéierung vun de staatlechen Depensë bis Enn Januar ze sécheren. "Et schéngt [...], wéi wann eise laangen nationalen Albdram endlech op en Enn geet, an dofir si mir dankbar", sou de Virsëtzende vum Representantenhaus Mike Johnson.

Sträitpunkt bei der Bestëmmung vum neie Budget war virun allem d'Gesondheetsversuergung. D'Demokraten haten zousätzlech Sue fir Leit mat Besoin gefuerdert, déi hir Krankeversécherungen Enn des Joers eventuell net verlängere kënnen. Wéi dëse Punkt am neien Iwwergangsbudget festgehale gouf, ass net bekannt. Duerch de Shutdown kruten honnertdausende staatlech Employéë keng Pai méi a vill weider staatlech Déngschtleeschtunge goufe gestrach. Sou gouf ënner anerem och de Snap-Liewensmëttelprogramm ausgesat, wouduerch an den USA 42 Millioune Mënschen an Nout keng Liewensmëttel méi vum Staat krut hunn. Och am Fluchtrafic war et zu Aschränkunge komm.