De Grand-Duc Guillaume feiert en Dënschdeg säin éischte Gebuertsdag zanter dem Trounwiessel.

Um Dënschdeg feiert de Grand-Duc Guillaume seng 44 Joer – den éischte Gebuertsdag fir de Lëtzebuerger Staatschef zanter dem Trounwiessel Ufank Oktober.

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass dat eelste Kand vun der Grande-Duchesse Maria Teresa an dem Grand-Duc Henri. Hien ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn an ass zanter dem 19. Oktober 2012 mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet. Den 3. Oktober 2025 ass hien offiziell Grand-Duc ginn.

Den 10. Mee 2020 ass den Ierfgroussherzog eng éischte Kéier Papp ginn. Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den neien Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt. Säi klenge Brudder Prënz François, dee mat ganzem Numm François Henri Louis Marie Guillaume heescht, koum de 27. Mäerz 2023 op d'Welt.