"D'Zerstéierung ass immens grouss", erzielt Lëtzebuerger vu Manila
D'Zuel un Doudegen nom Passage vum Taifun Fung-Wong op de Philippinnen ass op 18 geklommen.
An Honnerten Dierfer huet sech d’Héichwaasser mëttlerweil zeréckgezunn, ma vill Regiounen – virun allem an de Provënzen Isabela an Nueva Vizcaya – sinn nach ëmmer vun der Aussewelt ofgeschnidden.
De Supertaifun ass e Sonndegowend am Oste vun der Haaptinsel Luzon op Land getraff. Säin Impakt war op iwwer 1.000 Kilometer Küst ze spieren. "Dee leschte Stuerm ass iwwert d’ganzt Land gezunn", erzielt de Ralph Becker, e Lëtzebuerger, dee schonn zéng Joer zu Manila lieft. "Mir sinn hei an der Haaptstad nach gutt fortkomm, mee op deene Plazen, wou de Stuerm fir d’éischt ukomm ass, ass d’Zerstéierung immens grouss."
Dem Zivilschutz no wäerten d’Opraumaarbechten nach Wochen, respektiv Méint daueren. Stroossen, Stroum- a Kommunikatiounsleitunge mussen nei opgebaut ginn. De Reen hält deels nach un an erschwéiert d’Aarbechten.
Dem Ralph Becker no wieren d’Philippinner zwar un esou Katastrophe gewinnt, mee d’Belaaschtung bleift grouss: „D’Leit ginn ëmmer als resilient beschriwwen – an dat si se och. Mee et feelt u virsiichtegem Plangen an un Investitiounen an d’Infrastruktur. Do ass dacks och vill Korruptioun am Spill.“
Protester fuerdere méi Transparenz, manner Korruptioun
Tatsächlech sinn an de leschte Méint e puer Fäll bekannt ginn, wou Suen, déi fir Schutzmaueren oder Waassergestioun virgesi waren, an aneren Täsche verschwonne sinn. D’Populatioun ass rosen: „D’Leit fuerderen Transparenz an, datt déi Responsabel endlech zur Rechenschaft gezu ginn“, seet de Ralph Becker.
Am September nach waren op de Philippinnen iwwer 100.000 Leit op de Stroossen ënnerwee, fir géint Korruptioun ze manifestéieren. Et ware Schëlder ze liese mam Text: "Mir marschéieren duerch d’Héichwaasser an dir verschwent eis Suen!". Ausgeléist hunn d’Protester e Korruptiounsskandal ronderëm Héichwaasserschutz-Projeten am Wäert vu ronn 7,4 Milliarden Euro. Enquêteuren hu constatéiert, datt vill vun de Kontrakter net wierklech existéiert hunn, an anerer nëmme schlecht oder guer net ausgefouert goufen.
Philippinnen: eng vun de Klima-vulnerabelste Plazen op der Welt
D’Philippinnen leien an enger vun de vulnerabelste Regiounen op der Welt. All Joer zéien tëscht Juni an November méi wéi zéng grouss Stierm iwwer d’Inselen. Mat dem Klimawandel ginn dës méi heefeg a méi staark. „Mir hei si just d’Victimme vun engem Problem, deen an de westleche Länner ugefaangen huet", seet de Ralph Becker. „Mee mir mussen elo kucken, wéi mir besser bauen a wéi mir eis fir déi nächst Joerzéngten upassen.“
De Ralph Becker huet eng Donatiouns-Campagne gestart, fir de Leit op der Plaz ze ënnerstëtzen.