Déi europäesch Direktiv iwwert d'Mindestléin gouf vun der europäescher Cour de justice deelweis annuléiert.

Déi europäesch Direktiv iwwert d'Mindestléin ass zu groussen Deeler mat EU-Recht kompatibel, dat huet déi europäesch Cour de justice entscheet. D'Urteel gouf en Dënschdeg de Moie publizéiert. Et goufen zwar zwee Punkten annuléiert, ma den fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit, deen d'Direktiv op de Wee bruecht hat, weist sech awer zefridden.

EuGh Mindestloun / Reportage Marc Hoscheid

Dänemark hat géint d'Direktiv geklot, well se ze vill an d'Kompetenze vun den Nationalstaaten agräife géing. D'Cour gëtt dem skandinavesche Land awer just bei zwou Dispositioune Recht, déi elo annuléiert goufen. Dobäi geet et engersäits ëm déi national Krittären an anerersäits ëm eng automatesch Upassung vum Mindestloun un den Index.

Déi national Krittären hätten der Direktiv no op d'mannst véier Aspekter mussen ëmfaassen: d'Kafkraaft vum Mindestloun, den allgemengen Niveau vun de Léin, d'Progressioun vun de Léin an déi laangfristeg Entwécklung vun der Produktivitéit. Fir d'Cour géing dat de Spillraum vun den Nationalstaate beim Ausschaffe vun de Krittären awer ze vill aschränken. De fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit kommentéiert dat esou:
 
"Par ailleurs huet d'Cour hei Saachen erausgeholl, déi ech net onbedéngt dragesat hat. Déi an den Negociatiounen drakomm sinn, och d'ailleurs wat d'Produktivitéit zum Beispill ubelaangt, op Verlaange vun den Employeuren. Déi Krittäre sinn erausgeholl ginn, dat freet mech net, mee ech kann awer domadder liewen."
 
Wat déi automatesch Upassung un den Index ugeet, hat den initialen Text virgesinn, datt d'Mindestléin just hätte kënne klammen, mee der Cour no misste se och no ënne kënnen ugepasst ginn. Och dat fënnt den Nicolas Schmit net dramatesch.
 
"Ech mengen dat gefält mer lo net direkt, mee dat geschitt och am Prinzip seelen. Mat Momenter an der Kris, besonnesch an der Finanzkris ass dat geschitt, mee soss ass dat net dee Fall, deen am heefegsten antrëtt."
 
Guttgeheescht huet d'Cour par Konter ënnert anerem och dee Punkt vun der Direktiv, an deem et heescht, datt d'EU-Memberlänner bei der Berechnung vum Mindestloun Referenzwäerter benotze sollen. Am Text ginn zwee Referenzwäerter genannt, déi dacks um internationalen Niveau benotzt ginn. Dat ass engersäits 50 Prozent vum Brutto-Duerchschnëttsloun an anerersäits 60 Prozent vum Brutto-Medianloun. Beim Medianloun läit eng Hallschent vun de Léin drënner an déi aner driwwer. Zu Lëtzebuerg gouf et wéinst deem Punkt Diskussiounen tëscht de Gewerkschaften an dem Aarbechtsminister George Mischo. D'Gewerkschaften haten dem Minister nämlech virgeworf, d'Léin aus der Fonction publique aus der Berechnung wëllen erauszehuelen an se esou ze verwässeren. De George Mischo hat geäntwert, et géingen all d'Piste gekuckt ginn, ma et wier awer nach näischt decidéiert an hie géing sech net grondsätzlech géint eng Hausse vum Mindestloun stäipen. Datt een d'Léin aus der Fonction publique aus der Berechnung vum Mindestloun eraushëlt, well déi zu Lëtzebuerg vill méi héich wéi am Ausland sinn, kann den Nicolas Schmit op alle Fall net novollzéien.
 
"Sou dierf een dat net kucken. Wann zu Lëtzebuerg d'Paien am ëffentlechen Déngscht héich sinn, da sinn d'Liewenshalungskäschten zu Lëtzebuerg och héich. An et ka jo awer net sinn, datt déi Leit, déi ënne sinn, déi ee Mindestloun hunn, komplett ofgekoppelt gi vun aneren, wou d'Paien eigentlech ugepasst si vum Coût de la vie."
 
Datt d'Cour de justice dee Punkt vun der Direktiv guttheescht, dee virgesäit, datt 80 Prozent vun der Ekonomie vu Kollektivverträg gedeckt solle sinn, freet den Nicolas Schmit iwwerdeems. Och do sinn d'Gewerkschaften an den Aarbechtsminister jo net onbedéngt op enger Linn.
 
A géint dat Urteel vun der europäescher Cour de justice ass keen Appell méi méiglech.