D'Riedele sinn zeréck a Kanada
© ENVATO
Et ass déi éischte Kéier zanter Mëtt den 90er Joren, datt et a Kanada méi Fäll vu Riedele gouf.
1998 huet d'WHO Kanada als "fräi vu Riedelen" deklaréiert. 2016 dunn huet et esouguer geheescht, datt de Virus a ganz Nordamerika ausgerott wier, als éischt Regioun op der Welt. Fir als "Riedel-fräi" ze gëllen, dierf et 12 Méint um Stéck keng unhalend lokal Iwwerdrounge ginn. Aktuell ginn et a ganz Kanada awer iwwer 5.000 dokumentéiert Fäll.
D'Riedele gëllen zu de wuel ustiechendsten Infektiounskrankheeten op der Welt a kënne am schlëmmste Fall déidlech sinn. Nieft Kanada ginn et och 1.700 Fäll vu Riedelen an den USA, dräi Leit sinn hei schonn dru gestuerwen.
Eng Et!d, déi rezent erauskoum, huet nogeluecht, datt duerch niddreg Impfquote Krankheete wéi d'Riedelen, d'Riselen oder d'Diphtherie kéinten zeréckkommen.