M+S Pneuen: Am Ausland verbueden, zu Lëtzebuerg erlaabt
All-Wieder-Pneue mat der Bezeechnung M+S, dat steet fir Matsch a Schnéi, sinn d'ganzt Joer zu Lëtzebuerg erlaabt.
Zenter 2024 si bei eisen däitschen Nopere Pneuen, déi just d'M+S-Symbol hunn, am Wanter verbueden. Hei muss zousätzlech eng Schnéiflack drop sinn, déi garantéiert, datt de Pneu och bei Schnéi a Glatäis deen néidege Gripp huet. A Frankräich ginn et Ënnerscheeder jee no Departement. Zu Lëtzebuerg ginn et dogéint keng Restriktiounen.
"Wann ee gutt M+S-Pneuen huet, dat geet zu Lëtzebuerg duer, well mir hei am Land e proaktive Streedéngscht hunn. Och eis Wiederverhältnisser erlaben, datt mir elo am Moment nach bei der M+S-Markéierung bleiwen", heescht et aus dem Mobilitéitsministere.
De Label M+S eleng seet awer näischt doriwwer aus, ob de Pneu fir Schnéi a Glat-Äis och wierklech gëeegent ass, seet den Automobilclub: "De Constructeur vum Pneu kann M+S eigentlech op all Pneu drop schreiwen, ouni dass de Pneu wierklech wantertauglech ass. Wann awer d'Schnéiflacke-Symbol dobäi ass, da wëll dat soen, dass de Pneu engem standardiséierten Test ënnerzu ginn ass, wou gekuckt ginn ass, wéi e Pneu sech beim Beschleunegen a beim Bremsen op Schnéi verhält."
All-Wieder-Pneue wieren ëmmer e Kompromëss, esou den ACL weider. An de leschte Jore wieren do zwar grouss Fortschrëtter an der Entwécklung gemaach ginn, ma e richtege Wanterpneu am Wanter an e Summerpneu am Summer wieren ëmmer dee bessere Choix.