D'Roaming-Tariffer an der EU si jo awer nach net dout. De Plang, fir se um Enn vum Joer auslafen ze loossen, schéngt jiddefalls op Äis ze leien.

Operateuren hate Bedenken ugemellt grad ewéi de BEREC, dat ass den europäesche Gremium, dee sech ëm d'Reguléierung vun der elektronescher Kommunikatioun këmmert. D'Ofschafe vun den Tariffer wier economesch schwéier ze droen, d'Präisser an de Memberlänner wieren ze ënnerschiddlech grad ewéi d'Konsum- a Reesgewunnechten, ënnert anerem esou gouf argumentéiert.

D'lettesch EU-Presidence wëll d'Praxis vum Roaming lo mol provisoresch verlängeren. Eppes wouriwwer déi fréier zoustänneg EU-Kommissärin Viviane Reding sech d'lescht Woch méi ewéi just bëssen opgereegt huet.

Keen ass virun iergendenger Lobby an d'Knéie gaangen, dat äntwert de Lëtzebuerger Staats- Medien a Kommunikatiounsminister der CSV-Europadeputéiert. De Xavier Bettel seet virop, de BEREC wier keng Lobby. Hie wier iwwerrascht iwwer d'Reaktioun vum Viviane Reding. De BEREC huet just een Avis ginn.

Déi zoustänneg Ministere géingen also op Basis vum Avis vun deem europaësche Gremium agéieren. An dee BEREC warnt, datt zwar beim Roaming d'Präisser géingen erofgoen, bei den Abonnementer national gesinn awer erop.

Et wier jiddefalls net d'Intentioun vu Lëtzebuerg, fir de Prozess ze blockéieren. Et wier awer wichteg, datt déi Risken, déi bestinn, géingen evakuéiert ginn. Als Kommunikatiounsminister géif hien net wëlle bremsen, mä aktuell wier et keng Win-Win-Situatioun. De But wier, datt d'Präisser erofginn, dofir géing een alles maachen.

De Moment wier d'Ongewëssheet ebe grouss an dowéinst wier eng Majoritéit vun den europäeschen Telekommunikatiounsministere lo mol dergéint, fir d'Roaming-Tariffer, wéi geplangt, de 15. Dezember 2015 ofzeschafen.

VIDEO: Wéi geet et weider mat den Roaming-Tariffer?
Am Dezember 2015 sollt den Roaming jo komplett ofgeschaf ginn. Ma dorausser gëtt elo näischt.