E Samschdeg gouf déi 90 Tonne schwéier Passerell installéiert, déi Beetebuerg-West an -Ost matenee soll verbannen. Si ersetzt déi al "Muppebréck".

Déi al Bréck war ze kleng ginn, wéinst der Verbreedung vun der Autobunn A3 op 3 Spueren. E Samschdeg ass déi al Bréck ofgebaut ginn, an déi nei Passerell gouf mat Hëllef vun zwee massive Kranen op hir Plaz gesat. Si weit net manner wéi 90 Tonnen.

Et handelt sech ëm eng Stolkonstruktioun aus engem Goss, wouduerch keng Schweessaarbechten néideg sinn. Si ass 60 Meter laang an deemno ronn 20 Meter méi laang, wéi déi al Bréck, a si ass mat hiren 3 Meter och méi breet. Deemno kéinten hei am Noutfall och Autoen driwwer fueren, wat virdrun net méiglech war. Haaptsächlech kënne sech dann elo Foussgänger a Cycliste bequeem iwwert déi Bréck deplacéieren, ouni dass een deen aneren hënnert.

RTL

© Gusty Graas / Facebook.com

Och d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hat sech e Samschdeg bis op de Schantjen deplacéiert, fir bei der spektakulärer Installatioun vun der Passerell dobäi ze sinn.

Am Fréijoer 2026 wäert d'Passerell vu Ponts et Chaussées fäerdeggestallt ginn, esou d'Yuriko Backes an engem Post op de soziale Medien. De Mobilitéitsministère géif zesumme mat Ponts et Chaussées intensiv um Ausbau vun der A3 schaffen, deen an e puer Etappe géif geschéien. Zil wier et, bis 2024 mam Ausbau bis op déi franséisch Grenz fäerdeg ze sinn.

Den Deputéierte Gusty Graas huet sech dann och ganz erfreet gewisen, dat mam Statement: "Beetebuerg huet seng Muppebréck erëm."

Wéinst dësen Aarbechten un der Passerall ass d'A3 dann och schonn zanter e Freideg den Owend a bis e Méindeg de Moien tëscht dem Gaasperecher an dem Beetebuerger Kräiz a béid Richtunge fir den Trafic gespaart, wat op den Deviatiounen deementspriechend fir Perturbatiounen am Trafic suergt.

Trafic-Info