Mercosur-Ofkommes mat Südamerika soll d'EU-Exporter an d'Luucht dreiwen
“Eis Ekonomie wäert enorm profitéieren”, seet den EU-Kommissär Christophe Hansen.
De Lëtzebuerger Politiker war dës Woch a Brasilien ënnerwee, fir do Reklamm fir europäesch Produiten ze maachen.
“Mir ginn dervun aus, datt eis Exporter Richtung Mercosur-Länner ëm 50 Milliarde wäerten an d'Luucht goen duerch dësen Accord. Mir bauen heimat Obstakelen of, an ech mengen dat ass ganz wichteg. Mir hunn natierlech ganz vill am Industrieberäich ze gewannen, bei de Servicer och, mee awer och d'landwirtschaftlech Produkter, de Wäin, Spirituosen, Mëllechprodukter, eis héichqualitativ Kéisen aus der Europäescher Unioun, Olivenueleg, Äppel, ... Et si ganz, ganz vill Secteuren, déi kënne gewannen”, seet den zoustännegen EU-Kommissär.
Et ginn awer och méi sensibel Secteuren, wou ee muss oppassen, datt si net zu de Verléierer zielen. Rëndsfleeschbaueren, awer och Gefligelziichter an Zockerproduzenten. Duerfir goufen och bei dësem Accord fir d'éischt Kéier sougenannten "Safeguard-Clauses", also Sécherheetsmechanismen, agebaut, erkläert de Christophe Hansen.
“Falls et sollt elo an engem, och wann dat nëmmen an engem eenzele Memberland géif stattfannen, datt zum Beispill de Rëndsfleeschpräis ëm 10 Prozent géif erofgoen a mir géife gesinn, datt d'Importer ëm 10 Prozent eropgaange sinn. Da kënne mir och soen, mir setzen déi doten Importer aus. Dat si ganz nei Sécherheetsmoossnamen, fir dat doten ze ënnerbannen.”
D’Mercosur-Ofkommes ass nach net a Kraaft. Et ass elo um Europaparlament an un de 27 EU-Memberlänner, fir den Text guttzeheeschen. Mat der Wirtschaftsmissioun op São Paulo a Brasilien wëll den EU-Kommissär den Terrain preparéieren. Et soll een nämlech séier positiv Resultater gesinn, esoubal den Accord a ëmgesat gëtt an d’Import-Export Taxe gréisstendeels ewechfalen.