"De Beruff vum Generalist gëtt net genuch valoriséiert“
© Pierre Weimerskirch
Am Interview schwätzt d'Doktesch iwwer d'Roll vum Generalist, de Manktem u Valoriséierung an der Roll vu Preventioun an der kënschtlecher Intelligenz.
"Et ass wichteg, datt mir zu Lëtzebuerg och selwer Generalisten ausbilden," seet d’Lisa Zangarini. Zanter 2021 gëtt den Diplôme d’études spécialisées en médecine générale op der Uni Lëtzebuerg ugebueden, si war an der éischter Promotioun dobäi an huet an engem Joer d'Spezialiséierung ofgeschloss.
"De Generalist ass ee vun deene Beruffer, wou mer an Zukunft am meeschte Besoin wäerten hunn. D’Formatioun zu Lëtzebuerg bréngt och e wichtege Fuerschungsaspekt mat sech, fir datt mir Generalisten hunn, déi och wëssenschaftlech kënne matdiskutéieren."
No beim Patient sinn
De Generalist wier deen Dokter, deen am direktsten um Patient drun ass, dat mécht fir déi jonk Doktesch de Reiz aus: "Et ass bewisen, datt Länner mat engem staarke Reseau vu Medezin générale eng méi héich Liewenserwaardung an eng besser Qualitéit vum Liewen hunn."
De Generalist géif säi Patient quasi duerch d’ganzt Liewe guidéieren, vu Klengem u bis an d’Palliativmedezin. D’Roll vum Generalist gëtt ëmmer méi komplex: "D’Leit kréie méi chronesch Krankheeten zur selwechter Zäit, Bluttdrock, Diabetes, Iwwergewiicht, mental Krankheeten. De Generalist ass deen, deen dat alles zesummeféiert an decidéiert, wéini e Spezialist gebraucht gëtt."
Preventioun wichteg, ma dacks net genuch unerkannt
Wéi dacks soll een dann iwwerhaapt bei säin Dokter goen? "Eemol d’Joer ass de Minimum," seet d’Lisa Zangarini. "Et geet net nëmmen ëm Krankheet, mee och ëm d’Preventioun, Ernärung, Sport, mental Gesondheet."
Mee grad do huet Lëtzebuerg nach Nohuelbedarf: "Am Moment gëtt et keen eegene Budget fir Preventioun. De primäre Gesondheetssecteur ass net genuch valoriséiert an och net richteg indemniséiert. Dat gëllt fir all déi, déi am éischte Kontakt mam Patient sinn, och Pediateren oder Gynekologen."
De Generalist wier zu Lëtzebuerg dee Spezialist, deen am mannste géif verdéngen, bedauert d'Doktesch: "Dat mécht d’Decisioun fir jonk Leit net méi einfach." Si kritiséiert och d’Konditioune fir jonk Dokteren: "Wann ee krank gëtt, kritt ee keng Indemnisatioun. Och d’Pai ass méi niddreg wéi an Däitschland oder der Schwäiz. Dat mécht et schwéier, jonk Leit ze iwwerzeegen, zu Lëtzebuerg ze bleiwen."
Aus Dr. Google gëtt Dr. KI
D'kënschtlech Intelligenz geet och net laanscht Medezin, dat ka gutt sinn, awer och e Risiko. Et wier gutt, dass Leit sech informéieren. Mam Ëmgang mat beispillsweis ChatGPT misst ee wëssen: "D’KI gëtt Äntwerten op dat, wat een hir seet an dacks feelen déi wichtegst Detailer. Déi richteg Evaluatioun ka just am Gespréich mam Dokter geschéien."
Dacks géifen d’Leit mat engem "Google-Diagnos“ kommen. Heiansdo géif dës och stëmmen an heiansdo guer net.
An hirer Fuerschungsaarbecht ënnersicht d’Lisa Zangarini, wéi Smartwatches am Alldag vu Patienten agesat kënne ginn: "Mir kucken, wéi esou Aueren, Apple, Garmin, Samsung. kéinten am Praxis-Alldag hëllefen, virun allem bei eelere Leit. Bei Patiente mat Häerzrhythmusstéierungen oder Iwwergewiicht kann dat hëllefräich sinn."
Mee si warnt: "Fir e puer Leit kann et och Stress maachen, dauernd gesondheetlech Donnéeën ze gesinn. Et muss individuell evaluéiert ginn, wéi eng Persoun dovunner profitéiert."
"Mir mussen och un eis eege Gesondheet denken“
Déi jonk Generatioun vun Dokteren hätt eng aner Haltung wéi fréier: "Mir roden eise Patiente Sport ze maachen an Zäit fir sech ze huelen – da musse mir dat och selwer maachen."
Si schwätzt vun engem méi bewosste Work-Life-Balance: "Dokteren hu fréier 80 Stonne pro Woch geschafft, dat ass net gesond a soll och net d’Norm sinn. Et geet drëm, de Beruff esou ze gestalten, datt en nohalteg ass, och fir eis selwer."