Trump erwaart sech "ganz gutt" Treffe mam Xi a wëll Kim gesinn
© AFP/ANDREW CABALLERO-REYNOLDS
Den US-President Donald Trump wäert vum Weekend un op sengem éischte Besuch an Asien zanter dem Ufank vu senger zweeter Amtszäit sinn.
Um Programm stinn eng sëllegen Treffe mat Staats- a Regierungscheffen a virun allem e Gespréich mam chineesesche Staatschef Xi Jinping iwwert hiren Handelskonflikt. En éischt Gespréich tëscht chineeseschen an amerikanesche Representante wier e Samschdeg scho "ganz konstruktiv" gewiescht, esou ee Spriecher vum US-Finanzministère. Den Trump huet iwwerdeems och net ausgeschloss, den nordkoreaneschen Diktator Kim Jong Un am Kader vu senger Rees ze gesinn.
Den US-President Trump gëtt sech e Sonndeg a Malaysien erwaart, wou sech eng Delegatioun mat ënnert anerem dem Finanzminister Scott Bessent an dem chineesesche Vize He Lifeng schonn e Samschdeg gesinn huet. D'Gespréicher sollen e Sonndeg zu Kuala Lumpur viru goen, esou ee Spriecher vun US-Finanzministère.
A Malaysien gëtt de Sommet vun der Vereenegung vun de südostasiatesche Staaten (Asean) ofgehalen. Um Bord vum Sommet wëll den Trump och een Handelsofkommes mat Malaysien ofschléissen. Iwwerdeems wëll hien och säin Usproch op e Friddensnobelpräis nach emol ënnersträichen an derbäi sinn, wann e Friddensofkommes tëscht dem Kambodscha an Thailand ënnerschriwwe gëtt.
E Méindeg geet d'Rees da weider op Tokio, wou den Trump déi nei japanesch Regierungscheffin Sanae Takaichi wäert gesinn.
Treffe mam Xi Jinping a méiglecherweis och dem Kim Jong Un
E Mëttwoch gëtt den Trump sech a Südkorea erwaart, wou de Sommet vun der Asiatesch-Pazifescher Wirtschaftsgemeinschaft (Apec) ofgehale gëtt. En Donneschdeg kéint den Trump de chineesesche President Xi da fir eng éischte Kéier zanter sengem Amtsuntrëtt am Januar gesinn.
Den Trump sot, hie géif op ee "ganz gutt " Treffe mam Xi hoffen an hie géif domat rechnen, datt China engem "Deal" géing zoustëmmen, fir ze verhënneren, datt nach emol Stroftaxe vun 100 Prozent kommen, déi fir den 1. November annoncéiert waren.
Iwwert en Treffe mam nordkoreaneschen Diktator Kim sot den Trump e Freideg, hie géif hie gäre gesinn: "Hie weess, datt mir dohi kommen." Vu Pjöngjang heescht et, de Kim wier prett fir en Treffen, wann d'USA hir "illusoresch" Fuerderung vun engem Stopp vum nordkoreaneschen Atomwaffeprogramm géifen opginn. Déi südkoreanesch Regierung geet iwwerdeems dovun aus, datt den Trump sech "ganz warscheinlech" mam Kim wäert gesinn.