Eng Woch nom spektakulären Déifstall am Musée du Louvre zu Paräis, konnten um Samschdeg den Owend zwee Verdächteger verhaft ginn.

Eng Woch no dem spektakuläre Déifstall am Musée du Louvre zu Paräis, bei deem Bijouen am Wäert vu ronn 88 Milliounen Euro geklaut goufen, mécht d’Ermëttlung Fortschrëtter.

Wéi BFMTV a Paris Match mellen, goufen e Samschdeg, den 25. Oktober, zwou verdächtegt Persounen festgeholl. Ee vun hinnen ass géint 22 Auer um Flughafen Roissy-Charles-de-Gaulle vun der Grenzpolice an der Brigade de répression du banditisme ugehale ginn, wéi hie sech op eng Rees an Algerien virbereet huet. Deen anere Verdächtege wier zu Seine-Sainte-Denis am Groussraum vun der franséischer Haaptstad gepëtzt ginn.

Déi zwee stinn am Verdacht zu där Band vu 4 Leit gehéiert ze hunn, déi virun enger Woch an de berüümte Paräisser Musée agebrach sinn.

Hei ware Bijoue vu fréiere Kinniginnen a Keeserinne geklaut ginn, dorënner Diadeemen, Halsketten, Ouerréng a Broschen, déi vun Eedelsteng nëmme sou geblénkt hunn. Zwou Vitrinne ware vun de Brigangen opgebrach ginn.

RTL

© AFP