De McLaren-Pilot geet e Sonndeg den Owend eiser Zäit virum Ferrari-Duo Leclerc an Hamilton un den Depart.

Dem Norris säi Coequipier a WM-Leader Oscar Piastri ass just den 8. ginn. Wéinst enger Strof fir de Carlos Sainz op Williams geet hien deemno e Sonndeg vun der 7. Plaz un den Depart.

An der zweeter Startrei start de Russell (Mercedes) nieft sengem fréiere Coequipier Hamilton. De Verstappen (Red Bull) an den Antonelli (Mercedes) hunn et op d'Plaze 5 a 6 gepackt.

Schonn am Q1 war iwwerdeems Feierowend fir de Williams-Pilot Albon an de Bortoleto op Sauber. Och fir den Alpine-Duo Gasly a Colapinto a fir de Stroll am Aston Martin war de Qualifying eriwwer.

Am Q2 sinn den Tsunoda op Red Bull an den Alonso am Aston Martin eliminéiert ginn. Och den Ocon (Haas), den Hülkenberg (Sauber) an de Lawson (Racing Bulls) hunn den Auto mussen an der Garage ofstellen.

D'Course kënnt Dir e Sonndeg den Owend vun 20h15 un op RTL ZWEE an RTL PLAY suivéieren. Den Depart ass um 21h00.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025