Bei enger Reunioun mat de Spëtzte vum Militär huet de russesche President Putin erkläert, dass hir Laangstreckerakéit erfollegräich getest gi wier.

An engem Video, dee vum Kreml publizéiert gouf, freet sech de Putin, datt dës Interkontinentalrakéit ganzer 15 Stonnen an der Loft gewiescht wier an eng 14.000 Kilometer wäit geflu wier.

Elo soll déi néideg Infrastruktur geschaaft ginn, fir datt déi nei Waff vun der Arméi ka genotzt ginn.