Den US-President ass nach ëmmer rose wéinst enger kanadescher Publicitéit
Den US-President Donald Trump huet eng weider Hausse vun den Douanesfraisen op Produiten aus Kanada annoncéiert.
Dat nodeems hie jo schonn d'Gespréicher fir en Handelsaccord gestoppt hat. Dat alles, well an der kanadescher Provënz Ontario op der Tëlee eng Reklamm géint Douanesfraisen diffuséiert gouf. Am Video, dee vun der lokaler Regierung publizéiert gouf, héiert een d'Stëmm vum fréieren US-President Ronald Reagan, deen iwwer d'Nodeeler vun Douanesfraise schwätzt.
A well d'Diffusioun vun deem Spot net séier genuch gestoppt gouf an elo de Weekend nach eng Kéier wärend engem grousse Baseball-Match gewise gouf, ginn d'Fraise fir Kanada elo weider erop.
De Premier vun Ontario ass iwwerdeems zefridde mam Resultat vun der Campagne. Et hätt een den amerikanesche Public op héchstem Niveau wëllen erreechen an eng Diskussioun ustoussen iwwer d'Suitte vun Douanesfraisen fir Salariéen a Betriber.