Irland
D'Catherine Connolly ass als nei Presidentin gewielt ginn
© AFP
D'Catherine Connolly gouf vun enger Koalitioun vu lénksorientéierte Parteien ënnerstëtzt. Si hat um Enn bal zwee Drëttel vun de Stëmme kritt.
Déi onofhängeg Catherine Connolly gëllt als progressiv. Si wëll sech dofir asetzen d'Gesellschaft zesummenzebréngen.
De Presidente-Posten an Irland ass gréisstendeels representativ, ma de President oder d'Presidentin spillen eng wichteg Roll als moralesch Instanz.
Am meeschte gelies