Eng Zort Räichesteier a Frankräich?
Um Samschdeg ginn d'Diskussiounen iwwert de Budget am Parlament virun
© AFP
Diskutéiert gëtt ënnert anerem déi sougenannt "Taxe Zucman", eng Zort Räichesteier.
Deemno misste Leit, déi méi wéi 100 Milliounen Euro u Verméigen hunn, op d'mannst 2 Prozent Steieren op deem Patrimoine bezuelen.
Frankräich muss dréngend seng Staatsfinanzen verbesseren. D'Ratingsagencen hu Frankräich dann deels och schonn erofgestuuft. Moody's huet e Freideg op d'mannst den Ausbléck fir Frankräich vu stabil op negativ gesat. Dat wéinst där aktueller Regierungskris an de Probleemer fir strukturell Reformen unzegoen.
Am meeschte gelies