Turmes géint Juncker: Ziler gutt, Weeër manner ...

E Mëttwoch stellt EU-Komissioun hiert Konzept vun der Energie-Unioun vir.
"Mir brauchen an Europa eng Energie-Unioun", dat hat de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker bei sengem Untrëtt deklaréiert an aus dem Schafe vun esou enger europäescher Energie-Unioun eng vu sengen 10 Top-Prioritéite gemaach.
Um Mëttwoch stellt d'EU-Kommissioun hiert Konzept vir, dat als erkläerten Zil huet, d'Leit an d'Betriber an der EU mat enger sécherer, nohalteger, kompetitiver an abordabeler Energie ze versuergen an duerch Investitiounen an erneierbar Energien a fir méi Energieeffizienz nei Aarbechtsplazen ze schafen an d'EU méi onofhängeg vun Energie-Liwwerunge vu baussen, ewéi zum Beispill déi aus Russland, ze maachen.
"D'Ziler si gutt, net awer all Weeër, déi geplangt sinn, fir dohin ze kommen", seet den Europadeputéierte vun déi Gréng, Claude Turmes. Zwee Punkte leien him besonnesch um Mo:
Éischtens de Plang, fir amplaz Gas aus Russland ze bezéien, ze kucken, Accorde mat Länner ewéi Turkmenistan oder Aserbaidschan ze fannen. Hei wier et besser, an Energieeffizienz an Europa ze investéieren, well de Gros vum Gas géif gebraucht ginn, fir Haiser, déi schlecht isoléiert sinn, ze hëtzen. Wann een do eppes géif maachen, da bräicht ee keng Milliarden un zweiwelhaft Regimer z'iwwerweisen.
Deen anere Punkt wier de Widderstand géint eng nei Atomenergie-Strategie als Äntwert op d'Problemer mat Russland. Atom wier keng Äntwert.