Dänemark klasséiert Virfall als "hybrid Attack" an

Eng weider Kéier goufen Dronen iwwert engem dänesche Fluchhafe gesinn. Eréischt Ufank der Woch war dat zu Kopenhagen de Fall.
Déi dänesch Regierung schwätzt nom rezente Virfall iwwer Aalborg vun "hybriden Attacken" an enger "systematescher Menace". Alles géif drop hindeiten, datt e professionellen Acteur dohannert stécht, esou de Verdeedegungsminister Troels Lund Poulsen en Donneschdeg de Moien zu Kopenhagen.
Dann an der Nuecht op en Donneschdeg waren Dronen iwwer véier Fluchhäfe gesi ginn, dat zu Aalborg, Esberjerg, Sönderborg esou wéi d'Arméibasis Skrydstrup. D'Fluchobjete ware kuerz ze gesinn, éier si sech nees zeréckgezunn hunn.
Wéinst dem Tëschefall gouf de Fluchhafe vun Aalborg awer virleefeg zougemaach. Et ass de gréissten Airport no deem vu Kopenhagen. No e puer Stonne konnt een de Betrib nees ophuelen. Wéi et vun der Police heescht, war et awer net méiglech, fir d'Dronen ofzeschéissen.
Zesumme mam Geheimdéngscht probéiert d'Police elo festzestellen, wou d'Dronen hierkommen. D'Ministerpresidentin Mette Frederiksen huet eng weider Kéier vun der "bis ewell schlëmmster Attack dänesch kritesch Infrastrukture" geschwat.
Virun dräi Deeg hat een wéinst engem änleche Virfall jo de Fluchhafe vu Kopenhagen zougemaach. Et hunn 100 Flich misste gestrach ginn an zéngdausende Passagéier waren dovu betraff. Och op dem Fluchhafe vun Oslo goufen änlech Maschinne gesinn.