En 63 Joer ale Mann aus Lëtzebuerg war a senger Vakanz un der Nordsee an eng liewensgeféierlech Situatioun geroden.

E Freideg den Owend hätt de Mann aus akuter Liewensgefor misse gerett ginn, schreiwen d'Pompjeeën vu Krummhörn an hirem Rapport iwwert de Virfall. De Mann wier am Beräich vun engem Damm, wou d'Waasser grad ofgelaf ass, am Bulli stiechebliwwen an hätt sech net méi selwer aus senger mësslecher Situatioun kënne befreien.

Ronn zwou Stonne laang houng de Mann eleng do fest, ier d'Secouristen - ënnert anerem mat engem Helikopter - hir Rettungsaktioun lancéiert hunn. Den Helikopter war et dann och, deen den 63 Joer ale Lëtzebuerger, dee bis zur Hëft déif am Bulli war,  mat enger "Rettungswinde" aus dem kale Schlick erausgezunn huet.

De Mann, deen duerch déi onglécklech Aventure ënnerkillt war, ass du mat der Ambulanz um séierste Wee an d'Spidol bruecht ginn. "Hien hat richteg Gléck", esou ee Spriecher vun der Police Norden der Noriichtenagence dpa géigeniwwer. Firwat et zwou Stonne gedauert huet, ier de Mann konnt gerett ginn, konnte Spriecher vun der Police an de Pompjeeën der dpa allerdéngs net soen.

Wattwanderungen sinn eng beléiften Aktivitéit an der Géigend, ma si sinn och net ouni hir Geforen. Net just kann een um oppene Watt séier d'Orientéierung verléieren oder vum Waasser iwwerrascht ginn, ma de Buedem ass och net iwwerall fest genuch, fir ze trëppelen. Ëmmer nees mussen dowéinst Leit aus dem Watt gerett ginn, ma net ëmmer ass d'Hëllef séier genuch op der Plaz.