Optesch konnt den Honda HR-V iwwerzeegen, ma wéi ass et mam Undriff? De Rich Simon huet et fir den RTL-Automag erausfonnt.

Fir dësen Automag hat de Rich Simon ee sougenannten Kompakt-SUV ënnert de Rieder. Nämlech den Honda HR-V. Deen Auto gëtt et just als Hybrid. Ass dat elo ee Virdeel oder een Nodeel?

Automag: Honda HR-V

Déi Fro ass a sech schwéier ze beäntwerten, well ee jo keng Alternativ huet. Wann een awer elo de renge Bensinnsverbrauch kuckt, da kann ech sécher soen, datt et ee Virdeel ass. Ech si bal 2.000 Kilometer mam Auto gefuer, an do war vun allem dobäi, an de Verbrauch louch bei 4,8 Liter. Dat ass schonns richteg gutt.

Et ass ee kompakten SUV, deemno keng Rennmaschinn

Nee et ass sécherlech keng Rennmaschinn. Am Géigendeel. De 1,5 Liter 4 Zylinder zesumme mat Elektroaggregat kommen op 131 Päerd, an dat bei engem Gewiicht vu 1.452 Kilo. Do läit et op der Hand, datt ee sech keng Sprëtzegkeet brauch ze erwaarden. Vun 0 op 100 dauert et laang 10,6 Sekonnen. Dem Auto feele ganz einfach e puer Päerd. Dat mécht sech virun allem och beim Iwwerhuele bemierkbar. Dréckt een de Kickdown, da mécht den Auto zwar ganz vill Kaméidi awer esou richteg viru geet et net. D'CVT-Boîte, un där nach ëmmer japanesch Konstrukteure festhalen, ass och am Honda net iwwerzeegend.

RTL

© Rich Simon

Ass den Auto dann éischter geduecht, fir an der Stad ze fueren oder awer och fir domadder an d‘Vakanz ze rullen?

Also eng kleng Famill huet genuch Plaz am Auto. D‘Mall ass allerdéngs mat 312 Liter net immens grouss. Dat heescht mat de Wallisse gëtt et schonns enk.

RTL

© Rich Simon


Wat den Interieur ugeet muss ech soen, datt alles iwwersiichtlech ass. Dacks reege mir eis op dëser Plaz driwwer op, datt alles muss iwwer een Display regléiert ginn. Beim Honda HR-V huet een nach Knäppercher, déi zwar bëssen Old School wierken, awer vum Handling méi einfach ze bedénge sinn, wéi dat dacks iwwer den Display de Fall ass. Pluspunkt fir Honda!

RTL

© Rich Simon

Däi Fazit vum Honda HR-V?

Den Design vum Auto ass gelongen. Et ass ee flotte kompakten SUV, deen och Designtechnesch sportlech eriwwer kënnt. Technesch hänkt Honda awer bëssen hannendran. Wann een awer een Auto sicht, deen net vill verbraucht, dann ass den HR-V sécherlech eng gutt Opportunitéit. Virun allem well den Auto an der Basis mat 32.290 Euro, méi wéi attraktiv ass. Bei der Top- Versioun, bleift de japaneschen Konstrukteur mat 39.240 Euro och nach esou just ënnert de 40.000 Euro. An haut kritt ee fir 40.000 Euro leider net méi vill Auto.

RTL

© Rich Simon