Mam Bezuele vun der Strof kënnt d'Firma warscheinlech ëm e potenziell deiere Prozess wéinst presuméierter Täuschung vun Abonnenten.

Den amerikanesche Konsumenteschutz FTC hat Amazon virgehäit, Millioune vu Mënsche mat Tricken a säin Abo-Service Prime gelackelt ze hunn, fir dann duerno eng Kënnegung dovu méi schwéier ze maachen. Den Online-Ris hätt bewosst e manipulativen Design op senger Website genotzt, fir d'Clienten dozou ze verleeden, beim Bezuele vun hiren Akeef gläichzäiteg en Abonnement fir de Service Prime fir 139 Dollar (ronn 118 Euro) d'Joer ofzeschléissen.

Gläichzäiteg soll d'Entreprise eng Kënnegung dovu mat engem besonnesche System extra schwéier gemaach hunn. Intern wier et Illias genannt ginn, nom Epos vum Homer iwwer de laangwieregen Trojanesche Krich.

Der Eenegung no muss Amazon elo de System fir de Prime-Abo ofzeschléissen an ze kënnegen iwwerschaffen, a senge Clienten dobäi kloer an däitlech Optiounen ubidden, mat deenen een en Abo refuséiere kann. Ausserdeem muss d'Entreprise d'Geschäftsbedéngunge fir seng Abonnementer oppe leeën, éiert se dofir Geld kasséiert. Mam Bezuele vun der Milliardestrof kann Amazon sech e potentiell deiere Prozess erspueren. Den Accord gouf no zwee Deeg laange Verhandlungen zu Seattle erreecht.