Erëm ee Fluchhafen an Dänemark wéinst Dron am Loftraum zougemaach

An Dänemark huet schonn nees eng Dron de Fluchverkéier op engem Fluchhafe gestéiert, sou datt dësen huet musse gespaart ginn.
De Loftraum iwwert dem Fluchhafen Aalborg ass um spéiden Donneschdegowend wéinst engem Dronenalarm zougemaach ginn, wéi d'dänesch Police matgedeelt huet. E Freideg de Moie géint 0.35 Auer ass de Fluchhafen allerdéngs nees opgaangen. E KLM-Fliger, deen aus Amsterdam koum, huet wéinst dem zouene Fluchhafe mussen d'Kéier maachen. Ee Fluch vun de Scandinavian Airlines aus Kopenhagen huet iwwerdeems mussen annuléiert ginn.
An de leschten Deeg hat et an Dänemark eng Rei Drone-Flich iwwer Fluchhafe ginn, déi de Verkéier gestéiert hunn. An der Nuecht op en Donneschdeg waren Dronen iwwert de Fluchhäfen Aalborg, Esbjerg a Sönderborg a iwwert der Militärbasis Skrydstrup gesi ginn. Schonn an der Nuecht op en Dënschdeg huet de Fluchhafe vu Kopenhagen de Betrib iwwergangsweis misse stoppen, well eng Rei grouss Drone stonnelaang iwwert dem Terrain geflu waren.
Déi dänesch Regierungscheffin Mette Fredriksen huet virun enger Hausse vun esou Virfäll gewarnt. D'Land wier "Affer vun hybriden Ugrëff" ginn, sot si en Donneschdeg an engem Video-Message.
Bis ewell gëtt et nach keng Spuer vun den Täter. D'Ermëttler hätte bis ewell keng Hiweiser op déi Verantwortlech, esou de Chef vum dänesche Militärgeheimdéngscht en Donneschdeg. De Geheimdéngschtchef Finn Borch huet gläichzäiteg vun enger "méi héijer Gefor vu russescher Sabotage an Dänemark" geschwat. Dem dänesche Verdeedegungsminister no wier et ee "Wierk vun engem professionellen Acteur" gewiescht. D'Regierungscheffin Fredriksen sot: "Et gëtt haaptsächlech ee Land, dat eng Menace fir déi europäesch Sécherheet duerstellt, an dat ass Russland."
Moskau weist all Verstréckung an d'Drone-Virfäll als "absurd Spekulatiounen" zeréck. D'russesch Ambassade zu Kopenhagen huet amplaz vun enger "inzeenéierter Provokatioun" geschwat.
E Freideg wëll Dänemark mat aneren EU-Länner, déi sech eng Grenz mat Russland oder der Ukrain deelen, iwwert de Virschlag vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen beroden, déi eng europäesch "Dronemauer" wëll ariichten. Och d'Ukrain soll un der Videokonferenz deelhuelen. An de leschte Wochen hate scho Polen, Estland a Rumänien Verletzungen un hirem Loftraum duerch russesch Dronen a Kampfjette gemellt. D'Nato gesäit dat als geziilt Provokatioun vu Moskau, ma de Kreml weist d'Virwërf zeréck.