Wéi den israeelesche Regierungschef seng Ried ufänke wollt, hunn Dosenden Diplomaten de Sall verlooss, anerer hunn hien ausgebuut.

De Benjamin Netanjahu huet sech mat stoeschem Bléck onbeandrockt gewise vun deem Virgoen. Den israeelesche Premier huet dunn a senger Ried, déi gutt 40 Minutte gedauert huet, d'Militäroffensiv an der Gazasträif weider verdeedegt. Wärend sengen éischte Wierder gouf et nach Tëscheriff. Wéi ze erwaarden, huet hien nach emol déi ronn 150 Länner, déi Palästina wëllen als Staat unerkennen, schaarf kritiséiert. Hire Support fir Israel, no der Terrorattack vun der Hamas de 7. Oktober 2023, wier net vu laanger Dauer gewiescht, a si wiere feig. Dobäi géif Israel fir déi westlech Länner mat kämpfen.

A senger Ried virun den UN huet de Netanjahu d'Virwërf vum Vëlkermord zréckgewisen. Säi Land géif beschëllegt ginn, d'Mënschen an der Gazasträif geziilt erhéngeren ze loossen. Tatsächlech géife si awer genuch Hëllefsmëttel liwweren. Wann et doru géif feelen, wier dat, well d'Hamas oder aner arméiert Gruppen déi géing klauen, esou de Netanjahu. Ausserdeem géif d'Populatioun all Kéiers am Viraus iwwer Militäraktiounen informéiert ginn. Eng UN-Kommissioun hat dogéint e Rapport presentéiert, an deem Israel véier vu fënnef Krittäre fir den Tatbestand vun engem Genozid erfëlle géing.

Geiselen an Hamas sollte matlauschteren

Dem israeelesche Premier no wier e Groussdeel vun der Hamas zerschloe ginn, an awer kéinte se zu all Moment eng Gefor fir säi Land ginn. Dowéinst misste si den "Job" sou séi wéi méiglech beendegen. De Benjamin Netanjahu hat iwwerdeems Haut-parleuren a Gaza installéiere gelooss, fir datt hie sech mat senger Ried och direkt un d'Geiselen an un d'Hamas konnt adresséieren. Hien huet op en Neits gefuerdert, d'Geiselen direkt fräizeloossen. Si wieren net vergiess, a si géife jiddereen heem bréngen. D'Hamas huet hien opgefuerdert, hir Waffe néier ze leeën. "Wann dir dat maacht, wäert dir liewen. Wa net, wäert Israel iech joen", sou de Netanjahu.

D'Grënnung vun engem Palästinenserstaat huet de Netanjahu "pure Wansinn" genannt. Dat nom 7. Oktober ze maachen, wier wéi wann Al-Kaida nom 11. September an der Géigend vun New York e Staat kritt hätt, sot hie virun den UN. Israel géing net zouloossen, datt westlech Staaten hinne wéilten en "Terrorstaat" opzwéngen.

Vill Luef gouf et iwwerdeems fir den US-President Trump, mat deem sech den israeelesche Premier e Méindeg am Wäissen Haus wäert echangéieren.

Hei déi ganz UN-Ried vum israeelesche Regierungschef am Video: