Unesco an OECD
Lëtzebuerger Ambassadeur Jean-Marc Hoscheit am Alter vu 66 Joer gestuerwen

De Jean-Marc Hoscheit am November 2018 zu Den Haag. / © Image OPCW, CC BY 2.0 via Wikimedia
De laangjärege Lëtzebuerger Ambassadeur Jean-Marc Hoscheit ass leschte Freideg onerwaart am Alter vu 66 Joer gestuerwen.
Hie war ënnert anerem Ambassadeur vu Lëtzebuerg a Frankräich an den 90er Joren a permanente Representant bei der Unesco an der OECD. 2008 gouf de Jean-Marc Hoscheit dunn Ambassadeur zu Den Haag.
De Lëtzebuerger Politolog an Diplomat war donieft zanter 2012 permanente Vertrieder bei de Vereenten Natiounen zu Genève.
Am meeschte gelies