Regierung setzt kritesch Journalisten ënner Drock
Zenter Méint ginn d'Leit a Serbien op d'Strooss. Dacks kënnt et zu Konfrontatioune mat der Police.
Ausléiser ass dat uergt Ongléck den 1. November zejoert op der Gare zu Novi Sad. D'Ongléck ass elo bal ee Joer hier. Den 1. November 2024 ass de Virdaach vun der Gare zu Novi Sad an de Koup gefall an huet Dosenden Mënschen ënnert sech begruewen. 16 Leit hunn net iwwerlieft. D'Gebai war grad eréischt komplett renovéiert ginn. No der Trauer koum d'Roserei. Korruptioun ass Matschold um Ongléck, soen d'Manifestanten a fuerderen de Récktrëtt vum Bauteminister.
D'Police gräift deelweis haart géint Manifestanten duerch. Och Journalisten déi iwwert d'Protester berichten an onbequeem Froe stellen, sinn e rout Duch fir d'Regierung. Den Nikola Radišić ass Europa-Korrespondent hei zu Lëtzebuerg fir déi serbesch Tëleeschaîne N1. Den Noriichtesender gëtt et zënter 2014 an huet säi Setz hei am Grand-Duché. D'Situatioun a sengem Heemechtsland mécht him Suergen.
"Den Ament si mir, esou huet de President vun eisem Nopeschland Kroatien et genannt, um Bord vun engem Biergerkrich, well d’Leit bei prinzipielle politesche Froe komplett ënnerschiddlech Meenungen hunn. Et ginn der, déi kloer hannert der Regierung stinn, an anerer, déi kloer dogéint sinn. An am Fong fannen déi zwou Säite kee gemeinsame Wee fir matenee ze schwätzen", seet de serbesche Journalist.
Fir den Nikola Radišić läit d'Schold kloer bei der Regierung. Si géing den Ament ëmmer nees Ueleg an d'Feier schëdden. Zenter Jore schonn, also net eréischt déi läscht Méint, wier een hannert deene Leit hier, déi net mat der Regierung op enger Linn sinn. Dat gëllt besonnesch fir kritesch Journalisten. Den Toun hätt sech verschäerft.
"Si nennen eis Verréider. Si soen, mir wieren auslännesch Söldner. Den aktuelle President bezeechent eis als Terroristen, well mir net wéi si denken an net déi Propaganda verbreeden, déi vill Medie a Serbien diffuséieren. Op der Strooss si mir en Zil, an och déi staatlech Tëleesstatioune setzen eis gezielt ënner Drock", esou den Nikola Radišić.
Bei de Protester wier et och dacks virkomm, datt Journalisten, déi fir den N1-Tëleessender schaffen, vu Manifestanten oder esouguer Polizisten attackéiert goufen. Si ginn och verbal ugegraff, et gëtt mat Saachen op se geheit, a souguer Silvester-Rakéite ginn op si geschoss.
Dobäi kënnt, datt vill TV-Journalisten, déi fir den N1-Sender schaffen, Angscht hunn, hir Plaz ze verléieren. D'Regierung mécht Drock op d'Medienhaus a fuerdert, datt d'Tëleeschaîne soll verkaf ginn, un e serbesche Sender, deen der Regierung méi no steet.