Presidentin Sandu kritiséiert "enormen Drock aus Russland" viru Parlamentswalen

© AFP/Daniel MIHAILESCU
Déi moldawesch Presidentin Maia Sandu huet kuerz virun de Parlamentswalen an hirem Land de massiven Afloss vu Russland kritiséiert.
"Et geet hei ëm déi territorial Integritéit an d'Onofhängegkeet vun eiser Republik. A wat mir gesinn ass een enormen Drock aus Moskau, sech an d'Walen anzemëschen an d'Walen ze beaflossen", sot si e Samschdeg an engem Gespréich mat ZDFheute.de.
Moskau géif "Honnerte Milliounen Euro" ausginn, "fir politesch Parteien ze finanzéieren, souguer fir Wieler ze bestiechen oder jonk Leit auszebilden, fir Destabiliséierungsaktivitéiten ze organiséieren", esou d'Sandu weider.
A Moldawien gëtt e Sonndeg een neit Parlament gewielt. D'Wal gëllt als richtungsweisend fir d'Zukunft vun der fréierer Sowjetrepublik mat hire ronn 2,4 Milliounen Awunner. Et kéint sech decidéieren, ob d'Land als Bäitrëttskandidat weider de Wee op d'EU duergeet, oder zeréck an de russeschen Aflossberäich kënnt.
D'Sandu gesäit hiert Land op engem gudde Wee an d'EU: "Mir hunn an de leschten dräi Joer grouss Fortschrëtter gemaach. Ech menge wierklech, datt d'Republik Moldawien bis zum Enn vum Joerzéngt EU-Member ka sinn."
An de meeschten Ëmfroe louch fir d'lescht hir pro-europäesch Partei PAS vir. Sollt déi pro-europäesch Säit e Sonndeg bei de Walen ënnerleien, wëll d'Sandu "weider fir d'Demokratie kämpfen", sot si dem ZDF géigeniwwer. "Well mir u Fräiheet gleewen. An net ënnert dem Putin sengem Regime liewe wëllen."