Ugeklote Restaurateur weist all d'Reprochë vu sech
6 presuméiert Affer vun engem Restaurant hunn hire Patron an deem seng Fra wéinst Mënschenhandel a Kierperverletzung ugeklot.
"Ech hu keng Blessure gesinn, verschidde Mataarbechter hunn e puer Joer hei geschafft a sinn dann zeréck an den Nepal gaangen, do gëtt et vill Bierger an Dären, vläicht kommen d’Narbe vun do", erkläert de fréiere Restaurantschef Här R. viru Geriicht. Hien a seng Fra sinn um Stater Geriicht ugeklot wéinst Kierperverletzung a Mënschenhandel. "Ech hu si ni geschloen", do bleift de Mann och op e puer mol Nofroe vum Geriicht formell. Hannert den Accusatioune vu senge Mataarbechter gesäit hien e Komplott.
Nodeems hie mat senger Fra fortgeplënnert wier, hätten d’Mataarbechter do gefeiert a gedronk. "Wéi hätt de Restaurant esou laang lafe kënnen, wann ech esou schlecht gewiescht wier?", freet de Mann. Generell huet hie vill Géigefroen un d’Geriicht: "Ech hunn déi Leit heihinner bruecht, fir dass et hinne besser geet", an "Meng Fra war bei all Elterenowend vu senge (gemengt ass e fréiere Kach) Kanner, dat war och net ofgemaach", echaufféiert sech de Mann, dem seng Elteren hannen am Sall sëtzen. Wann et e Komplott ass, wéi erkläert hie sech dat, freet de Riichter.
"Iergend ee steet do hannendrun, dee sot, dee Restaurant muss zougemaach ginn!". Och d’ITM hätt de Restaurant reegelméisseg kontrolléiert, firwat wier dann do ni eppes opgefall, freet den Ugekloten. D’Aarbechtszäite wiere vun 10 bis 14 Auer gewiescht, an duerno vu 17 bis maximal 23 Auer. D'Prozedure fir d'Leit aus dem Nepal op Lëtzebuerg ze bréngen, hätt hien alleguerte respektéiert.
Agezunne Bankkaart vu Mataarbechter: Erklärunge ginn auserneen
Bei der Fro, firwat den Ugeklote mat der Bankkaart vu sengem Mataarbechter 11.490 Euro vun deem sengem Kont opgehuewen hätt, ginn d’Versiounen auserneen. Virum Untersuchungsriichter hat den Här R. laut Geriicht nach behaapt, hien hätt just 1.000 Euro opgehuewen. Haut weess de Mann dat net méi, hien a seng Fra behaapten, de Papp vum Ugekloten hätt dem fréiere Kach eng 17.000 Euro geléint fir d’Begriefnis vun deem sengem Papp, well ee Famill wier. An déi bal 6.000 zousätzlech Euro wiere souzesoe geschenkt gewiescht. Dass d'Leit hu missen iwwert e Joer fir näischt schaffe, fir eventuell Scholden ofzeschaffen, léisst den Här R. och net gëllen. Ënnerschiddlech Versioune gouf et dann och bei der Fro, wien d'Reeskäschte vun de Leit bezuelt hätt. Eemol soll et de Papp vum Beschëllegte gewiescht sinn, deen hannen am Sall souz, dann nees hätt een sech d'Käschte mat dem concernéierte Mataarbechter gedeelt, oder awer déi hätten d'Fraise selwer iwwerholl.
Feelend Sue vu Mataarbechter wieren a "Gemeinschaftskeess" gefloss
Dass d’Koppel d’Reprochen an enger Versammlung vun der nepaleesescher Communautéit zouginn an Dedommagementer versprach hätten, wier op Drock geschitt. Si wiere menacéiert ginn, dass soss de Restaurant zougemaach géif. D’Fra vum Ugekloten erkläert, wat mat de Sue geschitt wier, déi d’Mataarbechter direkt nom Ausbezuele vun der Pai nees opgehuewen hunn. Déi hätte se net missen un hire Mann zeréckbezuelen, ma déi wieren an eng Aart Gemeinschaftskeess gefloss, déi d’Mataarbechter gehat hätte, falls ee vun hinnen emol an der Nout Sue bräicht. De Sënn a Fonctionnement vun der Gemeinschaftskeess konnt d’Fra net erklären.
Ugekloten: "Mir stinn immens ënner Drock"
Viru Geriicht fänkt déi Ugekloten no hirer Ausso u mat kräischen, an dréit sech ëm bei de Public. Hiere Ruff an der nepaleesescher Communautéit wier immens beschiedegt, a si kéinten esou net méi liewen. "Ech wëll Iech all bieden, all eis Mataarbechter - gëschter krute mir Appeller, wou Leit gesot hunn, et gesäit aus wéi wann de Prozess gewonne wier, an da maache mir en Tuer duerch d’Stad, w.e.g maacht dat net, mir kämpfen dat hei aus, mee mir bieden Iech, eis net weider ze schiedegen".
D’Reproche streit si alleguerten of - dass hire Mann d’Leit geschloen hätt, hätt si ni gesinn. Iwwerhaapt wier deen ni an der Kiche gewiescht. Och hätten d’Leit zwee fräi Deeg gehat an der Woch, nieft dem Méindeg, wou de Restaurant souwisou zou gewiescht wier. D’Geriicht widdersprécht: Wann et de Restaurant zanter 2008 gëtt, firwat fënnt sech kee Mataarbechter, deen eppes Positives iwwert hire Mann seet, obwuel si hei 10 bis 15 Joer Prisong riskéiere géing? De Riichter freet och ëmmer nees, firwat d’Madamm R. net sech selwer an hir Positioun verdeedegt, schliisslech hätten all d’Mataarbechter betount, dass d’Madamm R. si ni geschloen hätt, ma souguer selwer Affer vun hirem Mann gi wier. "Ech hunn iwwert mäi Mann alles gesot, wat et ze soe gëtt, iwwert mech brauch ech näischt ze soen, wann ech net gefrot ginn".
D’nächst Woch seet den Ugeklote weider aus, donieft schwätzen d’Defense an d’Nieweklo, an de Parquet stellt seng Strooffuerderung. Op Mënschenhandel mat Gewalt stinn tëscht 10 a 15 Joer Prisong.