Juncker-Plang ass ze al an ze lues

Mä den Etienne Schneider wëll net vu Kritik schwätzen, well et prinzipiell gutt ass, datt an Europa investéiert gëtt.
De Plang ass ze kleng. Wat geplangt ass, dat ass ze al an et geet alles ze lues.
Dat ass d'Kritik vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider um sougenannte Juncker-Plang. De Kommissiounspresident gesäit jo vir 315 Milliarden ze investéieren. De Projet kënnt awer konkret net an d'Rullen.
Et sief direkt gesot, den Etienne Schneider wëll net wierklech vu Kritik schwätzen. Well prinzipiell fënnt de Wirtschaftsminister et gutt, datt an Europa net nëmme gespuert, mä och investéiert soll ginn. Zanter der Finanzkrise 2008 feelen awer all Joer 250 Milliarden Euro an der Europäescher Unioun, par Rapport vun de Joere virdrun. Mam Plang fänkt een awer just 100 Milliarde pro Joer op, also feelen der nach ëmmer.
D'Projeten, déi fir de Juncker-Plang sollen a Fro kommen, déi sollen kuerzfristeg agereecht ginn, se solle weider Investitiounen als Suite hunn a se solle nei, dat heescht net souwisou scho geplangt gewiescht sinn. Dat ass awer net de Fall, well de Gros vun de Projete war scho geplangt. D'Länner haten net genuch Zäit, fir an e puer Méint nach esou vill nei Projeten ze erfannen.
Den Etienne Schneider gëtt weider ze bedenken, et hätt ee schonn ze vill Zäit verluer am Krisemanagement. Dat do zitt weider Investisseuren un, déi an Europa investéiere wëllen. Et muss een elo kucken op dat klappt an op déi 100 Milliarden am Joer vill Auswierkungen an Europa hunn. De Minister bezweiwelt dat awer e bëssen, mä hien hofft datt et klappt.
An da nach séier eng Lanz fir Lëtzebuerg, seng Regierung an deeër hier Investitiounen. Lëtzebuerg huet nach ëmmer eng immense héich Investitiounsquote an der Economie an an der Infrastruktur. Et ass der Meenung vun der Regierung, datt dëst den eenzege Wee eraus aus der Krise ass.