Den 3. Oktober wäert den Ierfgroussherzog Guillaume d'Roll vu sengem Papp als Groussherzog vu Lëtzebuerg iwwerhuelen.

An deem Kader huet d'Zentralbank elo eng Woch virdrun d'Biller vun den neien Euromënze presentéiert. All d'Mënzen, vun engem Cent bis zwee Euro, wäerten an Zukunft d'Silhouette vum Grand-Duc Guillaume droen.

Vun 2026 u wäerten dës Mënzen da gedréckt ginn an an Ëmlaf kommen. D'BCL preziséiert, datt all d'Euro-Mënzen, déi zanter 2002 an Ëmlaf sinn, hire Wäert wäerte behalen. Déi, déi de Grand-Duc Henri op der Récksäit hunn, wäerten och an Zukunft net zeréckgezu ginn.