Message iwwer Sans-abrisen: echt, gefaket, geféierlech?

© RTL Grafik
Op der Plattform Reddit mécht den Ament e mënschefeindleche Post den Tour, dee fir vill Opreegung suergt: Mat Chlorgas géifen d'Sans-abrisen d'Nuecht net iwwerstoen. Mir hunn nogefrot.
An engem Whatsapp-Grupp tausche sech munch Awunner vum Garer Quartier reegelméisseg iwwer Problemer aus. Ëmmer nees sinn do och Sans-Abrisen, déi nuets an Entréeën iwwernuechten, en Theema.
Aus deem Grupp soll och dëse krasse Message sinn, deen op Reddit gedeelt gouf:
Anonym verfaasst ...
Wien dëse Message geschriwwen huet, léisst sech net erkennen. D'Nummer gouf zenséiert an de Message gouf och just an de Grupp weidergeleet. De Message op Reddit ass aus dem Lëtzebuergeschen op Englesch iwwersat. Den Original-Message huet RTL net gesinn, d'Police awer, wéi si op Nofro erkläert.
Wat een erkennt, dat ass, datt eelef Persounen op dës Noriicht reagéiert hunn an zwar mat engem Domm no uewen oder engem Häerz, wat een als Zoustëmmung interpretéiere kann.
Am Message recommandéiert den Auteur, Bleechmëttel a wäissen Esseg virun d'Hausdier ze schëdden. Dat géif verhënneren, dass d'Sans-abrisen d'Nuecht iwwerliewen. An der Iwwersetzung ass ze liesen, dass ee sollt oppassen, den Damp net selwer anzeootmen. Den Auteur oder d'Autrice behaapt am Post, esou de Problem virun hirer Hausdier a virum Restaurant an de Grëff kritt ze hunn.
... a falsch iwwersat?
Am Resumé gëtt d'Persoun Tipps, fir de Sans-Abrise gesondheetlech ze schueden respektiv esou ze schueden, dass se doru stierwen ("impossible for them to survive the night"). Heibäi handelt et sech awer warscheinlech ëm en Iwwersetzungsfeeler, dat huet de Pressebüro vun der Police RTL schrëftlech matgedeelt.
De Message zirkuléiert den Ament an der Ëffentlechkeet, confirméiert d'Lëtzebuerger Police weider, dat a verschiddene Sproochen.
An der Lëtzebuerger Versioun wier rieds dovun, "Strummerten duerch de markante Geroch vun enger Mëschung ofzeschrécken". Den Auteur vum lëtzebuergesche Message wier eng Fra, déi sech op eng Mëschung aus "Eau de Javel an Esseg" bezéie géif, déi si virun hir Hausdier géif kippen, fir ze verhënneren, dass Leit sech iwwer Nuecht do néierloossen. An der Lëtzebuerger Versioun vum Message wier net rieds vun "not surviving the night", sou d'Police weider. Eng Plainte géif aktuell net virleien.
D'Original op Lëtzebuergesch gëtt also Rotschléi, wéi ee Sans-Abrisen duerch e staarke Geroch vun der eegener Hausdier ewechhält an net wéi een dëse gesondheetlech schuede kann.
Mee wéi geféierlech sinn déi Substanze wierklech?
Erklärunge vun engem Lëtzebuerger Cheemiker
Chlorgas ass e gëftegt Gas, dat tatsächlech duerch eng Mëschung vu Bleechmëttel an Esseg entstoe kann. Dat läit um Hypochlorit, deen a munche Bleechmëttel ze fannen ass. Wann dëst mat enger Saier a Kontakt kënnt, hu mir eng cheemesch Reaktioun an et entsteet Chlorgas. Dëst mécht sech bemierkbar duerch e bäissende Geroch.
Chlorgas ass gëfteg a kann dem Mënsch gesondheetlech schueden an et kann ee souguer doru stierwen, dofir brauch een awer héich konzentréiert Gas an engem klenge Raum, sou e Lëtzebuerger Cheemiker, deen net mam Numm genannt wollt ginn. "Dat ass awer Schoulwëssen. An dofir sinn a ville Bleechmëttel nach aner basech Chemikalien dran, fir dass et net esou schnell zu enger Reaktioun kënnt."

© University of Rochester Medical Center
Chlorgas kann am Alldag séier ongewollt entstoen, dacks beim Botzen. Javel gëtt gäre genotzt, fir Flecken fort ze kréien, notzt een duerno en anere Botzproduit, zum Beispill mat Esseg oder Zitrounesaier, da kann et zu enger Reaktioun kommen.
Am Fräien: Geroch jo, Gefor manner
Wann een an dësem Kontext d'Chlorgas anotemt, da gëtt et engem dacks nëmme bëssen dronken an et muss een houschten. Seele kënnt et am Haushalt zu Virfäll, wou d'Longen verätzt ginn. E Stierffall ass nach méi seelen. Opfälleg ass dacks nëmmen de staarke Geroch, dee besonnesch an zouene Raim hänke bleift. Dobausse verflitt d'Gas awer zimmlech séier an ass keng wierklech Gefor, egal ob fir Awunner oder Sans-abrisen.
De Rot vun der Lëtzebuerger Police: "Bei Problemer recommandéiere mir de Leit natierlech, d'Police ze kontaktéieren."
Ob d'Police dem Reddit-Message elo nogeet, konnt een eis net soen.
