De Wolodymyr Selenskyj huet d'Länner vun der Welt opgeruff, den Drock op Russland weider ze erhéijen.

Wéi den ukrainesche Staatschef e Mëttwoch a senger Ried virun der Assemlée générale vun de Vereenten Natioune sot, bräicht et elo weider Waffe fir d'Ukrain a weideren Drock op Russland. Et géifen elo scho russesch Dronen iwwer Europa fléien a Russland géing seng Militäroperatioune schonn op aner Länner ausbreeden, esou de Wolodymyr Selenskyj mat Bléck op dat rezent russescht Andréngen an den estneschen an de polnesche Loftraum. De russesche President Putin wéilt de Krich fortsetzen, andeems hien en ausbreet.

Dat Alles géif passéieren, well international Institutiounen ze schwaach wieren. Esouguer eng Memberschaft an der NATO géif hautdesdaags net méi automatesch bedeiten, a Sécherheet ze sinn.

Mat Bléck op d'Parlamentswal a Moldawien e Sonndeg, huet den ukrainesche President viru russescher Aflossnam gewarnt. Europa hätt scho Georgien politesch u Russland verluer a kéint sech net leeschten, dass dat nämmlecht och mat Moldawien geschitt.

Ausserdeem huet hie virun de Gefore gewarnt, déi vum Asaz vu Kënstlecher Intelligenz a Waffesystemer ausginn. De militäreschen Asaz vu KI kéint zum geféierlechsten Oprëschten an der Geschicht vun der Mënschheet féieren. Virun zéng Joer hätt ee sech nach net kënne virstellen, dass ee mat Dronenattacken d'Liewen a ganze Regioune kéint ausläschen, dat wier fréier nëmme mat Nuklearwaffe méiglech gewiescht. Et bräicht dowéinst onbedéngt Reegele fir den Asaz vu KI a Waffesystemer. Gläichzäiteg huet de Selenskyj den ukraineschen Asaz vun Drone verdeedegt. Dëse wier néideg, fir d'Iwwerliewe vum Land ze sécheren.

Schliisslech huet den ukrainesche Staatschef dem US-President Donald Trump Merci gesot. Dësen hat no enger Entrevue mam Selenskyj en Dënschdeg virun der Generalversammlung gesot, dass d'Ukrain mat europäescher Hëllef hiert ganzt Gebitt kéint zeréckerueweren. Bis ewell hat den amerikanesche Staatschef ëmmer behaapt, Kiew misst op Territoire verzichten, fir dass e Waffestëllstand méiglech wier.