D'Police sich an dem Fall vu méiglecher Sabotage no Zeien - et ass net auszeschléissen, datt déi Verantwortlech sech bei der Aktioun blesséiert hunn.

Dräi Woche laang war et op der Zuchstreck tëscht Neuwied a Koblenz heivir a Rheinland-Pfalz ëmmer nees zu Spannungsschwanken komm. Elo ass dann och endlech gewosst, firwat.

Wéi d'Bundespolizeiinspektion vun Tréier matdeelt, koum et warscheinlech schonn den 1. September zu engem Ugrëff op d'Infrastruktur vun der Bahn am Beräich Koblenz-Lützel.

Géint 3 Auer an der Nuecht hunn Onbekannter zu Koblenz op der Héicht vum Kino "Kinopolis" d'Ofdeckung vun engem Kabelschacht erofgeholl an hunn dat ronn 5 Zentimeter déckt Héichspannungskabel ugeflext.

Der Police no huet de futtisse Kabel doropshin ee Kuerzschluss gemaach, dee sengersäits zu enger Stéchflam an engem Kabelbrand gefouert huet. Well d'Stroumversuergung automatesch op eng Ersatz-Source ëmgesprongen ass, koum et deen Ament awer net zu enger Beanträchtegung am Zuchtrafic.

D'Bundespolizei sicht elo dréngend no méiglechen Zeien an deem Fall. Et ass net auszeschléissen, datt d'Leit, déi Héichspannungsleitung sabotéiert hunn, sech dobäi verbannt hunn an dowéinst misste medezinesch traitéiert ginn. All Hiweiser si fir d'Tréierer Bundespolizei ënnert der Nummer 0049 651 436780.