"Jidderee soll sech trauen, Lëtzebuergesch ze schwätzen"
E Freideg de Moie war d'Lëtzebuerger Sprooch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Zil ass et, datt jiddereen, deen bis elo nach net schwätzt, sech traut, Lëtzebuergesch ze schwätzen, dat sot e Freideg de Moien de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding am RTL-Interview um éischten "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch".
De Grand-Duché mécht dëse Freideg eng éischte Kéier beim europäeschen Dag vun de Sproochen an der Sproochevillfalt mat verschiddenen Aktiounen, Konferenzen an Aktivitéite mat. De Rendez-vous fir déi nächst Joren ass scho gesat an et gouf och schonn en Appell un d'Leit, Gemengen a sou weider, déi wëlle matmaachen, fir hir eegen Iddien fir deen Dag ze proposéieren.
De Leit eng Chance gi Lëtzebuergesch ze schwätzen
Dem Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding geet et mat der Aktioun vun dësem Dag virun allem drëm, datt nach méi Lëtzebuergesch hei am Land geschwat gëtt. Duerfir missten d'Lëtzebuerger den auslännesche Matbierger a Matbiergerinnen awer och d'Méiglechkeet ginn, sech op Lëtzebuergesch auszedrécken an net, wéi dat dacks geschitt, aus Héiflechkeet automatesch an déi aner Sprooch wiesselen. "Mir mussen hinnen eng Chance ginn", huet eisen Invité vun der Redaktioun betount. Vläicht och mol eppes zwee Mol soen an d'Leit luewen, wa si sech dru ginn. Déi meescht Leit, déi bei him reklaméiere géifen, géife sech driwwer beschwéieren, datt se net genuch d'Geleeënheet hätten, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen.
Héije Stellewäert vum Lëtzebuergeschen bei der geplangter Alphabetiséierung op Franséisch
De Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch begréisst ausdrécklech, datt bei der geplangter landeswäiter Alphabetiséierung op Franséisch an der Grondschoul d'Coursë Sport, Konscht an Eveil aux sciences, bei deene Kanner op Lëtzebuergesch gehale ginn.
Am Pilotprojet wier d'Lëtzebuergesch och scho "ganzt gutt" ewechkomm. D'Iwwerleeungen, déi den Educatiounsminister Claude Meisch dës Woch geäussert hat, datt all Privatschoul am Grand-Duché misst obligatoresch Lëtzebuergeschcoursen ubidden, fënnt dann och ouni Iwwerraschung dem Pierre Reding seng Zoustëmmung.
An alle Betreiungsstrukture musse Leit sinn, déi perfekt Lëtzebuergesch kënnen
Lëtzebuergesch léiere fänkt natierlech bei de Kanner schonn un. Hei wier et dem Kommissär wichteg, datt an all Struktur, an all Crèche, Leit wieren, déi eis Sprooch perfekt kënnen. Et géif kengem eppes bréngen, wa franséischsproocheg Educatricen de Klenge géifen schlecht Lëtzebuergesch bäibréngen, mä d'Personal misst awer Lëtzebuergesch verstoen an och schwätze kënnen. Do hätt den Institut des Langues och eng ganz flott Method duerfir ausschafft.
Déi selwecht Erausfuerderung bleift beim Personal am Fleege- a Spidolssecteur. Am Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch waren intern Sproochecoursen an den Haiser geplangt. Déi bleiwen awer wéinst de ville verschiddene Schichten nach ëmmer schwéier ëmzesetzen. Eng aner Iddi ass iwwer sougenannte "Sproochmentoren" d'Lëtzebuergesch virunzebréngen.
Coursë si komplett ausgebucht
D'Lëtzebuergeschcoursen am Institut des langues sinn iwwregens de Moment a Rekordzäit ausgebucht. Dem Pierre Reding no wieren déi schonn no 4 Minutten ausverkaaft gewiescht. Mir schwätzen hei iwwregens vun 10.000 Plazen.
De Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass virun duerfir zoustänneg den Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch ëmzesetzen. An dëser Funktioun huet de Pierre Reding der Chamber dës Woch och en Tëschebilan gemaach.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.