"Dat ass gewöhnungsbedürfteg"

"Et verännert een net, mä et muss ee sech dru gewinnen", dat sot de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am RTL-Interview op d'Fro, wéi et wär, permanent an der Opmierksamkeet vun der europäescher an internationaler Ëffentlechkeet ze stoen. / © Luc Rollmann
E gutt Joer ass et elo hier, datt de Jean-Claude Juncker mat grousser Majoritéit am Europa-Parlament als neien EU-Kommissiounspresident guttgeheescht gouf.
Op deem Posten huet hien den 1. November zejoert ugefaangen. Zënter 9 Méint steet de fréiere Lëtzebuerger Premier un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun, enger Administratioun vu 40.000 Beamten. An zënterhier steet de Jean-Claude Juncker all Dag an der Opmierksamkeet vun der europäescher Ëffentlechkeet: "Dat ass gewöhnungsbedürfteg", esou de Kommissiounspresident am Interview mat RTL.
De Jean-Claude Juncker hat vun Ufank u keen Zweiwel dru gelooss, datt hien d'Kommissioun nees méi zu engem politeschen Akteur wéilt maachen a geet geloosse mat de rezente Kriticken aus Däitschland vum Finanzminister Wolfgang Schäuble ëm, datt d'Kommissioun an Tëschenzäit ze vill politesch gi wier ...
Zu de gréissten Defie fir d'Zukunft gehéiert dem Jean-Claude Juncker no, d'EU nees op d'Schinn vu méi Wuesstem a Beschäftegung ze setzen, wat d'Zil ass vum Investitiounsprogramm vun 315 Milliarden Euro, deen hien direkt um Ufank vu sengem Mandat op d'Schinne gesat huet.
Defie waren a bleiwen donieft nach ëmmer Äntwerten op déi griichesch Kris an op d'Flüchtlingsproblematik ze fannen.
A punkto Griichenland hat d'Kommissioun, esou hire President, wuel e Plang B fir de Fall, wou d'Verhandlungen um leschte Sommet zu näischt gefouert hätten, mä e Grexit grad ewéi e radikalen neie Scholdeschnëtt si fir de Jean-Claude Juncker keng Optiounen.
Wat d'Flüchtlingsproblematik ugeet, si mer den Ament komplett iwwerfuerdert, stellt de Kommissiounspresident fest, dee bedauert, datt d'Kommissioun sech net mat hirer Propose vun obligatoresche Quote konnt duerchsetzen.
Wat de Kommissiounspresident bis d'Enn vu sengem Mandat den 31. Oktober 2019 erreecht wëll hunn a wat hien iwwer d'Kris a Griicheland an d'Flüchtlingsproblematik ze soen huet, ass de Sujet am Reportage vum Méindeg den Owend 18.30 Auer op Radio Lëtzebuerg.
Am Reportage um Dënschdeg de Moien um 7.30 Auer geet et ëm méi perséinlech Aspekter vun der Aarbecht vum Kommissiounspresident.