En Donneschdeg den Owend koum et tëscht Rennes a Lorient zu engem Accident, an deen de Bus vun der Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp verwéckelt war.

Engem éischte Bilan no wieren 8 Leit blesséiert ginn. Déi blesséiert Persoune koumen an d'Spidol. De Buergermeeschter vun der Stad Languidic, an där Géigend den Accident passéiert ass, huet e Raum fir d'Persounen, déi an den Accident verwéckelt waren, ageriicht, sot hie géintiwwer "Le Télégramme". Weider steet am Bericht ze liesen, datt de Bus ëmgetippt an op der Säit leiebliwwe wier.

Wéi et vun de Verantwortleche vun der FLF nom Match vun der A-Nationalekipp géint Nordirland heescht, hätt de Chauffer ee Malaise gemaach. Ënnert den aacht Blesséierte wiere fënnef Spiller vun der U21, schreift d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun an engem Communiqué. Et wier awer kee vun de Leit schwéier verwonnt ginn.

Weider heescht et vun der FLF, datt ee scho bei der UEFA ugefrot huet, fir d'Partie e Freideg, déi zu Lorient géint Frankräich am Kader vun der Qualifikatioun fir d'EM 2027 sollt gespillt ginn, net auszedroen. Déi Decisioun wäert déi europäesch Futtballfederatioun e Freideg de Moien treffen.