E Sous-Traitant vun der Loterie Nationale wier d'Affer vun enger Cyberattack ginn.

Verschidde Clients-Donnéeë wéi Nimm, Adressen an Telefonsnummere awer och Bankdonnée wiere geklaut ginn, heescht et an engem Schreiwes.

Passwierder a Bezuelkaarte wieren awer net betraff. All d'Leit, déi eventuell concernéiert kéinte sinn, goufe schonn informéiert.

Och d'Dateschutz-Kommissioun gouf au Courant gesat.

De Sous-traitant ass responsabel fir d'Maintenance vun der Plattform loteriesport.lu, déi weiderhin accessibel ass.

D'Leit kënne sech beim Service Client vun der Loterie nationale mellen.