E Freidegmoie koum et zu engem Policeasaz an enger Beruffsschoul zu Essen nodeems eng Léierin vun engem Schüler mat engem Messer blesséiert gouf.

Berichter no gouf et e Freidegmoien e gréissere Policeasaz an enger Beruffsschoul zu Essen an Däitschland. Eng Persoun vum Léierpersonal huet dobäi eng Stéchwonn erlidden, wéi déi lokal Police op der Plattform X schreift.

D'Affer gouf vun de Rettungsdéngschter an d'Spidol bruet, wou d'Fra soll noutoperéiert ginn. Wéi schwéier d'Blessure sinn, ass nach net gewosst.

Éischten Informatiounen no soll et sech beim Täter ëm e Schüler handelen. Wéi d'Police op X schreift, wier dësen no enger Poursuite "ouni Zweiwel" identifizéiert ginn. Bei der Konfrontatioun hu Polizisten de Verdächtegen ugeschoss, dëse gëtt an der Tëschenzäit medezinesch betreit.

Weider Persoune wieren net bei der Attack ugegraff ginn.