Privat Visitt vum Premier Luc Frieden a senger Fra op Onglécksplaz zu Lissabon

© Facebook Luc Frieden
Lissabon steet nom Accident mat der Standseelbunn “Elevador da Gloria”, dat 16 Doudeger gefuerdert huet, weider ënner Schock.
Wéi de Luc Frieden e Freideg op de soziale Medien matdeelt, géife seng Fra Marjolijne Drogleever Fortuyn an hie mat dëser Visitt op der Onglécksplaz hir Sympathie zum Ausdrock bréngen an d'Leed mat de Leit deelen, déi vum Accident dës Woch touchéiert goufen. D'Koppel huet op der Plaz vum Accident Blummen néiergeluecht.
Et war keng offiziell Visitt, mee eng privat Rees, déi duerch déi staark Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Portugal motivéiert war, virun allem wéinst der grousser portugisescher Gemeinschaft am Grand-Duché.
D’Kabinn vum Funiculaire "Elevador da Glória", deen d’Quartiere Baixa an Bairro Alto matenee verbënnt, war duerch e Seel, dat gerass ass, aus der Spuer gesprongen, mat héijer Vitess déi géi Strooss erofgefall an ass du mat grousser Wucht opgeschloen.
Schonn direkt nom Accident hat de Luc Frieden eng Noriicht op der sozialer Plattform X (fréier Twitter) verëffentlecht, wou hie säi Gefill vun déifster Trauer ausgedréckt huet.